D'Franséisin hat hiert Gléck 18 Kilometer virun der Arrivée probéiert a gouf net méi ageholl. D'Letizia Borghesi an d'Lorena Wiebes koumen hannendrun.

Op engem zimmlech flaache Parcours vun Denain op Roubaix war d'Pauline Ferrand-Prévot déi Séierst. D'Franséisin louch 24 Kilometer virun der Arrivée nach 15 Sekonnen hannert der Ausräisserin Emma Norsgaard, konnt d'Dänin awer kuerz drop anhuelen. 4 Kilometer méi spéit huet d'Ferrand-Prévot hiert Gléck eleng versicht, och well der Norsgaard d'Kräften ausgoungen. Si konnt déi lescht 18 Kilometer vun der 148,5 Kilometer laanger 5. Editioun net méi ageholl ginn an hat eng maximal Avance vun iwwer enger Minutt. Et ass déi 12. Victoire fir d'Franséisin.

Hannert der Ferrand-Prévot hat sech eng Grupp mat 9 Coureurinne forméiert, wou ë.a. d'Lorena Wiebes, d'Marianne Vos an d'Elisa Balsamo dra waren. Op de leschte Meter huet d'Italieenerin Letizia Borghesi attackéiert an huet sech mat der zweeter Plaz belount. Knapp hannendru koum d'Hollännerin Marianne Vos.

Aus Lëtzebuerger Siicht war d'Nina Berton um Depart. Si konnt sech als 45. mat 9 Minutte Réckstand klasséieren.

Gesamtklassement

1 FERRAND-PREVOT Pauline 3:40:07
2 BORGHESI Letizia 0:58
3 WIEBES Lorena 1:01
4 VOS Marianne ''
5 JACKSON Alison ''
6 CONFALONIERI Maria ''
7 CHABBEY Elise ''
8 DYGERT Chloe ''
9 BALSAMO Elisa ''
10 CONSONNI Chiara ''
...
45 BERTON Nina 9:00