De Simon Yates gewënnt den 108. Giro d'Italia. Déi lescht Etapp gouf am Sprint entscheet. Hei war den Holläner Olav Kooij dee Séiersten.

E Sonndeg stoung déi lescht Etapp vum Giro d'Italia um Programm. Iwwer 143 Kilometer ass déi 21. Etapp zu a ronderëm Roum gefuer ginn.

Wéi erwaart ass d'Entscheedung em d'Etappevictoire am Sprint gefall. Hei war de Co-Equipier vum Simon Yates Olav kooij dee Séiersten. Op de Plazen 2 an 3 klasséieren sech den Australier Kaden Groves an dem Italiener Matteo Moschetti. De Kevin Geniets ass op der leschter Etapp op déi 63. Plaz gefuer. 

Am General sollt sech näischt méi doen. De Rosa Maillot gewënnt de 32-järege Simon Yates vun der Ekipp Visma-Lease a Bike. De Grondstee fir seng 1. Schlussvictoire beim Giro d'Italia huet de Britt op der virleschter Etapp geluecht. Nom Gewënn vun der Vuelta am Joer 2018 ass et dem Britt seng 2. grouss Victoire bei enger vun den dräi grousse Landes-Coursen. Hien huet um Enn en däitleche Virsprong vun 3 Minutten a 56 Sekonnen op den Isaac del Toro (UAE Team Emirates-XRG), deen seng Féierung am General op der virleschter Etapp un de Simon Yates hat missen ofginn. Déi drëtte Plaz um Podium mat engem Retard vu 4:43 ass fir de Richard Carapaz (EF Education - Easypost).

Am General klasséiert sech de Kevin Geniets no 21 Etappen mat engem Réckstand vun 1 Stonn 56 Minutten a 33 Sekonnen op der 34. Plaz.

D'Klassement vun der 21. Etapp

1. Kooij Olav 03:12:19
2. Groves Kaden + 00
3. Moschetti Matteo + 00
4. Pedersen Mads + 00
5. Lamperti Luke  + 00
6. Kanter Max + 00
7. Baroncini Filippo + 00
8. Aular Orluis + 00
9. Zanoncello Enrico + 00
10. Lonardi Giovanni + 00

De General no 21 Etappen

1. YATES Simon 82:31:01
2. DEL TORO Isaac 3:56
3. CARAPAZ Richard 4:43
4. GEE Derek 6:23
5. CARUSO Damiano 7:32
6. PELLIZZARI Giulio 9:28
7. BERNAL Egan 12:42
8. RUBIO Einer 13:05
9. MCNULTY Brandon 13:36
10. STORER Michael 14:27

34. GENIETS Kevin 1:56:33