Domat ass de Pogacar och direkt Leader am General. De Michel Ries klasséiert sech op der 1. Etapp op d'Plaz 100 mat knapp enger Minutt Retard.

Op der 1. Etapp vum Critérium du Dauphiné hunn déi grouss Favoritten an der Schlussphase vun der Course hire Stempel opgedréckt.

Iwwer 195.8 hiwweleg Kilometer vun Domérat op Montluçon gouf et am Sprint eng Victoire fir den Tadej Pogacar. Op d'Plazen 2 an 3 klasséieren sech de Jonas Vingegaard an den Mathieu van der Poel. 7 Kilometer virun der Arrivée, an der Côte du Buffon, sinn d'Attacken aus dem Peleton eraus komm, an eng 5 Coureure konnten sech zsm ofsetzen. Aus dësem Grupp kennt um Enn och de Gewënner vum Team UAE. Domat ass de Pogacar och direkt Leader am General.

De Michel Ries (Arkéa - B&B Hotels), eenzege Lëtzebuerger um Depart, klasséiert sech op der 1. Etapp op der Positioun 100 mat engem Réckstand vun 58 Sekonnen. Am General leit de Michel Ries mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 8 Sekonnen op der 100. Plaz.

Mam Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard a  Remco Evenepoel sinn och déi dräi Éischt vum leschten Tour de France mat um Départ. De Critérium du Dauphiné ass jo bekannterweis d'Generalprouf fir den Tour de France.

De Resumé

D'Course gouf virun allem vun 2 Coureure gepräägt. Et waren dat de Paul Ourselin vu Cofidis, deen den Owend och de Maillot vum beschte Grimpeur wäert droen, an de Pierre Thierry vun  Arkéa - B&B Hotels. Eng 50 Kilometer virun der Arrivée war du just nach de Pierre Thierry eleng un der Spëtzt. De Peloton louch gréisstendeels just em déi 1 Minutt hannert de Spëtzeleit, an esou ass e weidere Coureuer, de Fred Wright, eng 30 Kilometer virun der Arrivée zum Thierry opgefuer.

De Fred Wright huet kuerz dorop de Pierre Thierry ofgehaangen an de Britt huet säi Gléck eleng probéiert.

An der Côte du Buffon, 7 Kilometer virun der Arrivée, gouf de Fred Wright vum Peloton geschléckt. Gläichzäiteg sinn eng sëllegen Attacken aus dem Feld eraus komm. Ënnert aneren eng vum Jonas Vingegaard. Kuerz dodrop huet och de Remco Evenepoel et probéiert. D'Reaktioune sinn awer net ausbliwwen, an esou konnten sech 3 Kilometer virum wäisse Stréch 5 Coureuren zesummen ofsetzen; et waren dat de Jonas Vingegaard, Remco Evenepoel, Mathieu van der Poel, Tadej Pogacar an de Santiago Buitrago.

Déi 5 Coureure konnte sech sou just nach virum Peloton konnten op d'Arrivée retten. Am Sprint war de Tadej Pogacar de Séiersten. Den aktuellen Dominator am Vëlosport ka sech virum Jonas Vingegaard an dem Mathieu van der Poel duerchsetzen.

D'Top10 vun der 1. Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates – XRG 4:40:12
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:00
3 VAN DER POEL Mathieu Alpecin – Deceuninck 0:00
4 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step     0:00
5 STEWART Jake Israel - Premier Tech 0:00
6 PAGE Hugo Intermarché – Wanty 0:00
7 TRONCHON Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:00
8 VENTURINI Clément Arkéa - B&B Hotels 0:00
9 THOMAS Benjamin Cofidis 0:00
10 PENHOËT Paul Groupama – FDJ 0:00

100 Ries Michel ARKEA-B&B HOTELS + 58:00

De General no der 1. Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates – XRG 4:40:02
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:04
3 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck    0:06
4 POLITT Nils UAE Team Emirates - XRG    0:09
5 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:10
6 STEWART Jake Israel - Premier Tech ,,
7 PAGE Hugo Intermarché – Wanty ,,
8 TRONCHON Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 VENTURINI Clément Arkéa - B&B Hotels ,,
10 THOMAS Benjamin Cofidis ,,

100 Ries Michel ARKEA-B&B HOTELS + 01:08