Déi lescht Etapp goung un de Lenny Martinez virum Jonas Vingegaard an dem Tadej Pogacar.

Um Sonndeg gouf déi lescht Etapp iwwer 133,3 Kilometer vu Val-d'Arc op de Plateau du Mont-Cenis gefuer. De Lenny Martinez (Bahrain Victorious) war an der Echappée vum Dag dobäi a konnt sech um Enn mat enger Avance vu 36 Sekonnen op de Jonas Vingegaard (Team Visma | Lease a Bike) an den Tadej Pogacar (UAE Team Emirates-XRG) duerchsetzen. De Michel Ries ass als 92. mat engem Retard vu knapp 24 Minutten iwwer d'Arrivée gefuer.

Am General gouf et um Podium keng Changementer. De Pogacar hat um Enn eng Avance vun 59 Sekonnen op de Vingegaard. De Florian Lipowitz (Red Bull-BORA-hansgrohe) konnt seng 3. Plaz verdeedegen an hat e Retard vun 2 Minutten an 38 Sekonnen. De Ries koum hei op déi 49. Plaz.

D'Etapp war vun enger Echappée vun 12 Mann gepräägt, wou ënner anerem de Mathieu van der Poel an den Enric Mas dobäi waren. Ronn 57 Kilometer virun der Arrivée huet sech de van der Poel eleng ofgesat a gouf réischt ronn 16 Kilometer virun der Arrivée vun den aneren Ausräisser agefaangen. Virun der leschter Montée hat d'Echappée eng Avance vun enger Minutt a 25 Sekonnen op de Grupp mat de Favoritte Pogacar a Vingegaard. De Michel Ries war deen Ament net méi am Grupp vun de Favoritten. Mam Mas a Martinez hu sech vir 2 Coureuren 11 Kilometer virun der Arrivée ofgesat. D'Zesummenaarbecht huet awer net geklappt an de Martinez huet sech kuerz drop ofgesat. De Grupp vun de Favoritten ass ëmmer méi kleng ginn a ronn 7 Kilometer virun der Arrivée huet de Vingegaard attackéiert a just de Pogacar konnt matgoen. De Martinez huet un der Spëtzt alles ginn a gouf net méi agefaangen. Vingegaard a Pogacar hunn all déi aner Coureure geschléckt a koumen um Enn op d'Plazen 2 an 3.

D'Klassement vun der 8. Etapp

1 Martinez Lenny Bahrain Victorious 03:34:18 
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike + 34
3 Pogacar Tadej UAE Team Emirates-XRG + 34
4 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike + 40
5 Evenepoel Remco Soudal Quick-Step + 40
6 Mas Enric Movistar Team + 45
7 Lipowitz Florian Red Bull-BORA-hansgrohe + 47
8 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility + 47
9 Healy Ben EF Education-EasyPost + 01:01
10 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike + 01:01
...
92 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels +23:55
 

De General

1 Pogacar Tadej UAE Team Emirates-XRG 29:19:46
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike + 59
3 Lipowitz Florian Red Bull-BORA-hansgrohe + 02:38
4 Evenepoel Remco Soudal Quick-Step + 04:21 
5 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility + 06:12
6 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike + 07:28
7 Mas Enric Movistar Team + 07:57
8 Seixas Paul Decathlon AG2R La Mondiale Team +08:25
9 Rodriguez Carlos INEOS Grenadiers + 08:57
10 Martin-Guyonnet Guillaume Groupama-FDJ + 10:01
...
49 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels +58:45