Team Snooze beim Festival zu Bartreng net ze schloen
D'Course hat awer misse wéinst engem Accident gekierzt ginn a war iwwer eng Stonn ënnerbrach.
5 Tier waren zu Bartreng op dem neie Circuit gefuer, wéi d’Coureuren, vun de Junioren iwwert d’Espoiren, der Elite a de Masters op der Start- an Zillinn ugehale goufen. D’Course war wéinst engem Accident op der Stréck ënnerbrach ginn. Ee vun de Motorrieder vun der Police hat op deem nach schmierege Parcours d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ee vun de Coureuren ze packe kritt. Dësen ass mat engem gebrachenen Aarm an d’Spidol komm. De Polizist ass mat engem Schreck dovu komm.
Pünktlech um 15 Auer war den Depart vun der Haaptcourse. Et war eng vun deene leschte Méiglechkeete fir d’Coureuren sech virum Championnat, deen an zwou Wochen zu Ettelbréck gefuer gëtt, mat en een ze moossen. Op deem kuerze knapp 6 Kilometer laange Circuit, ass vun Ufank u séier gefuer ginn a sou konnt sech eng Echappée vun 8 Konkurrenten ofsetzen dorënner och den Tim Diderich, ee vun de Favoritten op de Championstitel bei der Elite ouni Kontrakt.
D’Coureure vum Team Snooze hate mat 5 Leit an der Echappée eng kloer Iwwerleeënheet a konnten sou bis zu 50 Sekonnen Avance op de Peloton eraus fueren. Ma dunn huet Course missen ënnerbrach ginn.
Iwwert eng Stonn hunn d’Coureure misse waarde bis d’Streck vun der Police nees fräi gi war an et weider konnt goen. D’Course gouf vun 11 Tier, déi nach ze fuere waren, op just nach 5 gekierzt. D’Coureure goufe mat de selwechten Zäitofstänn, wéi virun der Ënnerbriechung, nees zeréck an d’Course geschéckt, an d'Lutte ëm d’Victoire war nees lancéiert. Un der Spëtzt konnt d’Team Snooze vun hirer Iwwerleeënheet profitéiert a konnt sech zu 4, dorënner och den Tim Diederch, ofsetzen. Aarm an Aarm ass een dann och iwwert de Wäisse Stréch gefuer an huet d’Victoire fir d’Ekipp geféiert.