Marlen Reusser wënnt Contre la montre zu Bergamo

© AFP (Archiv)
E Sonndeg war den Optakt vum 36. Giro d'Italia bei de Fraen. Am Contre la montre goung et iwwer knapp 14 Kilometer duerch d'Stroosse vu Bergamo.
Nieft dem Tour de France bei den Häre sinn och d'Dammen an Italien ënnerwee. Am Norde vun Italien, zu Bergamo, war de Startschoss fir hiren Giro d'Italia. Beim Zäitfueren war d'Schwäizerin Marlen Reusser déi Séierst. Si huet déi knapp 14 Kilometer an enger Zäit vu 17'22'' hannert sech bruecht a war domat 12 Sekonne méi séier wéi d'Lotte Kopecky, d'Coequipière vun der Marie Schreiber bei SD Worx. Mat der Elisa Longo Borghini, d'Gewënnerin vum Giro 2024, koum eng Italieenerin op Plaz 3.
D'Nina Berton, déi als eenzeg Lëtzebuergerin dobäi ass, koum an enger Zäit vun 19'24'' op Plaz 107.
Arrivée vun der Marlen Reusser
D'Marlen Reuser dierf domat op der zweeter Etapp och de Rosa Maillot iwwersträifen. D'Schwäizerin huet hir gutt Performance an dëser Saison eng weider Kéier ënner Beweis gestallt. Virun 10 Deeg gouf si Schwäizer Meeschterin am Zäitfueren a si hat och d'Zäitfuere bei der Vuelta gewonnen.
Den Dammen-Giro geet iwwer aacht Etappen mat insgesamt 919 Kilometer. Déi lescht Etapp ass den 13. Juli mat Arrivée zu Imola beim Autodromo Enzo e Dino Ferrari, deen de Formel-1-Spectateure bekannt sinn dierft.
Klassement vun der Etapp
1 Reusser Marlen 17.22,0
2 Kopecky Lotte 0:12
3 Longo Borghini Elisa 0:16
4 van der Breggen Anna 0:20
5 Nooijen Lieke 0:24
...
107 Berton Nina 2:02
Generalklassement
1 Reusser Marlen 17:22
2 Kopecky Lotte 0:12
3 Longo Borghini Elisa 0:16
4 van der Breggen Anna 0:20
5 Nooijen Lieke 0:24
...
107 Berton Nina 2:02