Marie Schreiber an Arno Wallenborn U23-Meeschteren

© Unknown
D'Championnat vun den U23-Männer a -Frae gouf dëst Joer am Kader vun der Véier-Länner-Meeschterschaft zu Königsberg an Éisträich gefuer.
Am Kader vun der Véier-Länner-Meeschterschaft vun den U23 koum d‘Marie Schreiber hannert der Linda Riedmann aus Däitschland, mat engem Retard vu 14 Sekonnen, op déi 2. Plaz an huet sech domadder de Lëtzebuerger Championstitel bei den U23 geséchert.
De Podium gouf komplettéiert vum Layla Barthels an dem Liv Wenzel. Béid Fuererinnen haten no 95 Kilometer e Retard vu 4'34'' respektiv 6'14'' op d'Marie Schreiber.
Bei den Häre koum den Arno Wallenborn, mat engem Retard vu 24 Sekonnen op de Gewënner Mauro Brenner aus Däitschland, op déi 6. Plaz an huet och de Lëtzebuerger Championstitel bei den U23 gewonnen.
Den Noe Ury gouf den Zweeten (+ 1'41''). Soss war kee Lëtzebuerger op den 156 Kilometer laange Parcours gaangen.