Op der 2. Etapp vum Giro d'Italia vun den Damme goung et iwwer 92 Kilometer vu Clusone op Aprica.

Ronn 40 Kilometer virun der Arrivée huet sech eng Echappée vun zwou Coureusë vum Peloton konnten ofsetzen. Dorënner d'Anna Henderson an d'Dilyxine Miermont, déi sech tëschenzäitlech eng Avance vu ronn 4 Minutten op de Spëtzegrupp erausgefuer hunn. D'Iurani Blanco huet zwar hannendrun nach attackéiert, konnt dëst Lach awer net méi zoufueren. 20 Kilometer viru Schluss huet de Peloton acceleréiert a konnt d'Spuenierin rëm afänken.

An der Schlussphas goufen et Attacken aus dem Spëtzegrupp eraus, wéi ënner anerem vun der Elisa Longo Borghini an der Marlen Reusser. De Grupp vun 10 Coureusë krut d'Echappée awer net méi erëm. Am Sprint konnt sech d'Anna Henderson virun der Dilyxine Miermont behaapten. Si haten um Enn eng Avance vu 26 Sekonnen op de Spëtzegrupp ronderëm d'Leaderin vum General, d'Marlen Reusser. Duerch déi 16 Sekonne Bonifikatioun iwwerhëlt d'Anna Henderson domadder d'Féierung am Generalklassement.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Nina Berton e Méindeg mat engem Retard vun 3 Minutten a 17 Sekonnen als 55. iwwer d'Arrivée gefuer. Am General läit d'Coureuse vun EF Education-Oatly mat engem Retard vu ronn 5 Minutten op der Plaz 67.

Klassement vun der Etapp

1 Henderson Anna Lidl - Trek 2:24:30
2 Miermont Dilyxine CERATIZIT Pro Cycling Team ,,
3 Paladin Soraya CANYON//SRAM zondacrypto 0:26
4 Ciabocco Eleonora Team Picnic PostNL ,,
5 Reusser Marlen Movistar Team ,,

...
55 Berton Nina EF Education-Oatly 3:17




De General

1 Henderson Anna Lidl - Trek 2:42:03
2 Reusser Marlen Movistar Team 0:15
3 Longo Borghini Elisa UAE Team ADQ 0:31
4 Van der Breggen Anna Team SD Worx - Protime 0:35
5 Trinca Colonel Monica Liv AlUla Jayco 0:56
...



67 Berton Nina EF Education-Oatly 5:08