Lorena Wiebes setzt sech am Sprint duerch

© IDA MARIE ODGAARD / Ritzau Scanpix / Ritzau Scanpix via AFP
Op der 3. Etapp vum Giro d'Italia vun den Damme goung et en Dënschdeg iwwer 122 Kilometer vu Vezza d'Oglio op Trento.
D'Lorena Wiebes hat en Dënschdeg am Sprint déi séierste Been. Op d'Plazen 2 an 3 kommen d'Josie Nelson an d'Lotte Kopecky. An der Schlussphas gouf et eng gréisser Chute am Peloton. Doduerch kruten d'Coureusen op der Arrivée alleguer déi nämmlecht Zäit gutt geschriwwen. Mat dra verwéckelt war och d'Leaderin vum General, d'Anna Henderson. D'Brittin ass um Enn als 120. iwwert d'Arrivée gefuer a behält domadder d'Féierung am Generalklassement.
D'Lëtzebuergerin Nina Berton ass zwar net gefall, gouf duerch d'Chute awer opgehalen. Si koum schlussendlech op déi 101. Plaz. Am General läit d'Coureuse vun EF Education-Oatly mat engem Retard vu 5 Minutten an 8 Sekonnen op Plaz 67.
Klassement vun der 3. Etapp
1 Wiebes Lorena Team SD Worx - Protime 2:59:07
2 Nelson Josie Team Picnic PostNL ,,
3 Kopecky Lotte Team SD Worx - Protime ,,
4 Longo Borghini Elisa UAE Team ADQ ,,
5 Van der Wolf Babette EF Education-Oatly ,,
...
101 Berton Nina EF Education-Oatly ,,
De General
1 Henderson Anna Lidl - Trek 5:41:10
2 Reusser Marlen Movistar Team 0:13
3 Longo Borghini Elisa UAE Team ADQ 0:31
4 Van der Breggen Anna Team SD Worx - Protime 0:35
5 Trinca Colonel Monica Liv AlUla Jayco 0:56
...
67 Berton Nina EF Education-Oatly 5:08