D'Garcia ass mat 41 Joer déi eelst Etappe-Gewënnerin vum Tour de Fance Femmes. D'Kimberley Le Court Pienaar iwwerhëlt de Maillot Jaune.

Déi zweet Etapp huet vu Brest op Quimper laanscht d'franséisch Atlantikküst geféiert. No 110 Kilometer hat d'Mavi Garcia op der Arrivée eng Avance vun 3 Sekonnen op hir Verfollgerinnen. Si hat 11 Kilometer virun der Arrivée aus enger Echappée eraus attackéiert a gouf fir hiren Äifer mat hirer insgesamt 17. Dagesvictoire belount. D'Spuenierin ass mat 41 Joer an 206 Deeg déi eelst Gewënnerin vun enger Etapp beim Tour de France Femmes.

Hannert der Garcia koum e grousse Grupp am Sprint un. De Sprint gouf vun der Lorena Wiebes virun der Kimberley Le Court Pienaar, der Liane Lippert an der Marianne Vos gewonnen. Duerch d'Zäitbonifikatioun iwwerhëlt d'Fra aus dem Inselstaat Mauritius de Giele Maillot vun der Hollännerin Marianne Vos; béid Fuererinne hunn awer déi selwecht Zäit.

D'Charlotte Kool, déi am Virjoer nach zwou Etappe beim Tour de France Femmes gewanne konnt, war net méi un den Depart vun der zweeter Etapp gaangen. Och d'Kristen Faulkner huet no enger Chute bei dëser Etapp opginn. Bei dëser Editioun ass jo keng Lëtzebuergerin um Depart.

E Méindeg steet nees eng Flaachetapp iwwer 163 Kilometer um Programm. Da geet et vu La Gacilly op Angers.

Klassement vun der Etapp

1 García Mavi 2:44:29
2 Wiebes Lorena 0:03
3 (Le Court) Pienaar Kimberley ''
4 Lippert Liane ''
5 Vos Marianne ''
6 Niewiadoma Katarzyna ''
7 Vollering Demi ''
8 Ferrand-Prévot Pauline ''
9 Pieterse Puck ''
10 van der Breggen Anna ''

De General

1 (Le Court) Pienaar Kimberley 4:37:25
2 Vos Marianne ''
3 Ferrand-Prévot Pauline 0:06
4 Niewiadoma Katarzyna 0:10
5 Vollering Demi 0:13