De Filippo Ganna ass am Contre la Montre dee Séiersten

© Miguel RIOPA / AFP
Zu Valladolid war e kuerzt a flaacht Zäitfueren iwwer 12,2 Kilometer. Un der Spëtzt gëtt et bësse méi enk. De Bog Jungels verléiert eng Plaz am General.
Dem Bob Jungels säin Teamkolleeg Filippo Ganna war an de Stroosse vu Valladolid am séiersten ënnerwee. Um kuerze Parcours war hien eng knapp Sekonn méi séier wéi den Australier Jay Vine. Als Drëtte konnt deen Zweeten am Generalklassement Joao Almeida 10 Sekonne vum Leader Jonas Vingegaard senger Avance ofknabberen, deen deen 9. gouf.
De Bob Jungels ass am Trikot vum nationale Champion am Zäitfuere gestart. Den néngfache Lëtzebuerger Champion huet sech um Enn mat engem Retard vun enger Minutt an 11 Sekonnen als 70. klasséiert, a verléiert doduerch am General eng Plaz, wou en elo op der 45 steet.
Klassement vun der 18. Etapp
1 Ganna Filippo INEOS Grenadiers 13.00,89
2 Vine Jay UAE Team Emirates - XRG 0.00,9
3 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0.07,57
4 Armirail Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team 0.09,9
5 Oliveira Ivo UAE Team Emirates - XRG 0.10,11
6 Küng Stefan Groupama - FDJ 0.11,35
7 O'Brien Kelland Team Jayco AlUla 0.14,78
8 Segaert Alec Lotto 0.15,95
9 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 0.18,02
10 Hoole Daan Lidl - Trek 0.18,57
...
70 Jungels Bob Ineos Grenadiers 1.18
Generalklassement
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 65:07:13
2 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:40
3 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 2:39
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:18
5 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:19
6 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 5:17
7 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 5:20
8 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike 7:26
9 Træen Torstein Bahrain - Victorious 7:42
10 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 10:19
...
45 Jungels Bob Ineos Grenadiers 1:49:07