Zu Hesper hat den Alzenger Vëlosclub e Sonndeg e Gravel Fondo organiséiert. Zwou Distanze stoungen um Programm.

Et konnt ee sech fir 50 oder 100 Kilometer aschreiwen. Dës Disziplin gëtt weltwäit ëmmer méi beléift. Et war en imposante Peloton, dee sech e Sonndeg de Moien um Holleschbierg op de Wee gemaach huet. De Reen an d'Wolleken aus der Nuecht haten der Sonn Plaz gemaach an Temperature ware fir en Ausdauersport optimal. Apropos Reen. D'Wieder vun ugangs dëser Woch haten den Organisateure bal e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an et huet een de Parcours missten upassen.

Dräi Tier waren op der 50-Kilometer-Distanz ze fueren, dat duebelt fir déi, déi sech fir déi 100 Kilometer decidéiert haten. Um Enn vum éischten Tour war de Peloton scho gutt an d'Längt gezunn a gëfteg Bierger hu fir eng éischt Selektioun gesuergt. De Bësch zu Hesper verdréit normalerweis vill Waasser, bei deene Quantitéite Reen aus de leschten Deeg war et awer op dësem Dag plazeweis richteg schmiereg.

D'Dammen hate sech all fir déi 50 Kilometer decidéiert. Als éischt konnt sech hei d'Camille Lanners klasséieren. Si war vun Ufank un un der Spëtzt an huet Goût um Vëlossport fonnt, nodeems si virdru Liichtathletik gemaach huet. Si konnt sech virun der Suzie Godart an der Anouk Flesch duerchsetzen.

Iwwer 50 Kilometer bei den Hären hunn déi zwee Lëtzebuerger, den Tommy Arnoldy an de Sebastian Einsle sech dem Däitsche Manuel Spohn réischt op de leschte Meter misste geschloe ginn.

Iwwer 100 Kilometer konnt sech de Ken Conter, nodeems hie scho virun enger Woch zu Grouss - Hetteng konnt gewannen, e Sonndeg knapp virum Pol Breser an dem jonke Lennox Papi duerchsetzen.