Des Woch ass de fréiere Basketspiller Tom Schumacher Invité am Podcast „Drëtt Hallschent, de Sport-Talk“.

Mam Jeff Kettenmeyer a Franky Hippert huet hien iwwert seng erfollegräich Karriär geschwat, déi am Summer op en Enn gaangen ass.

Fir d'Zukunft kann hie sech duerchaus ee Retour op d'Trainerbänk vun de Jugend zu Diddeleng virstellen.

Donieft geet et awer och ëm dem Tom Schumacher seng nei Passioun, den Triathlon.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 49: Tom Schumacher

De komplette Podcast mam Tom Schumacher fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.