Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Bouschéisser Gilles Seywert.

Viru quasi genee 4 Joer huet de Bouschéisser op den Europaspiller zu Minsk déi éischt Medail iwwerhaapt bei dësem Multisportevenement fir Lëtzebuerg gewonnen. Dëst Joer stinn am Juni d'European Games zu Krakau a Polen um Programm. De Compound-Spezialist muss sech awer emol fir d'éischt nach fir déi 3. Editioun vun dëse Spiller qualifizéieren. De Qualifikatiounstournoi ass elo am Abrëll an England. Op der leschter Police- a Pompjee-Weltmeeschterschaft zejoert an Holland huet den 39 Joer ale Polizist dunn och zwou Goldmedailen am Bouschéisse mat heembruecht. De Sportler aus dem COSL-Elite-Kader hat no senger Sëlwermedail zu Minsk awer och ee Moment un d'Ophale geduecht.

Drëtt Hallschent Episod 104 mam Gilles Seywert