Invitée am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" war dës Woch d'Nadia Mossong.

D'Basketballspillerin huet zu Walfer ugefaangen, ass dunn an d'USA gaangen an huet do Sport a Studium kombinéiert. Also Profi war déi haut 37 Joer al Spillerin vum T71 Diddeleng ënnert anerem an Däitschland an Italien.

Am 3x3 huet d'Nadia Mossong d’Goldmedail mat hire Matspillerinnen op de leschte Spiller vun de klengen europäesche Länner op Malta gewonnen a sech elo op Zypern och fir d'EM qualifizéiert. Berufflech schafft déi studéiert Sportmanagerin beim LIHPS, dem Lëtzebuerger Institut fir den Héichleeschtungssport, an ass do Responsabel fir d'"Dual career", dat heescht, fir d'Sportler um schouleschen, respektiv um Wee an d'Beruffsliewen ze begleeden.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 114: Nadia Mossong

De komplette Podcast mam Nadia Mossong fannt Dir och op RTL Play.