Drëtt Hallschent, de Sport-Talk - Lynn Kauffmann
"Mat 30 ass elo de perfekten Zäitpunkt, fir mam Basket no ville Joren opzehalen"

© Jeff Kettenmeyer
Dës Woch ass d'Lynn Kauffmann Invitée am Podcast Drëtt Hallschent.
D'Basketspillerin huet hir Schong no der aktueller Saison un den Nol gehaangen.
Am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer schwätzt Si iwwert de verpasste Sprong an d'Halleffinall.
Donieft geet et awer och ëm déi beschte Jore vun hirer Karriär, mat zwee mol enger Finale mam AB Konter. Déi fréier Nationalspillerin erzielt, wéi Si a verschiddene Situatioune Problemer hat fir mat Drock ëmzegoen, wéi sech de Basket iwwer d'Jore verännert huet a wisou e Manktem u jonke Spillerinnen do ass.
De ganze Podcast kënnt dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.
Podcast Drëtt Hallschent Episod 147: Lynn Kauffmann
Am meeschte gelies