Bob Melcher erzielt vu senge schéinsten Erliefnisser a senger Karriär

Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm déi aktuell Saison am Basket.
Zanter Joren zielt de Bob Melcher vun der Amicale Steesel zu deene beschte Basketspiller am Land. Dës Woch ass hien Invité am Podcast Drëtt Hallschent a schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwert d‘Erwaardungen un déi aktuell Saison a wéi et mat senger Blessur ausgesäit. Donieft geet et awer och vill ëm déi fréier grouss Dueller an de Finalle géint den T71 Diddeleng a wéi verschidden Néierlage ganz fréi a senger Karriär hie weiderbruecht hunn. De "Bobby", wéi hien am Basket genannt gëtt, erzielt, wéi hie mam Dennis Schröder wärend dem Lännermatch géint Däitschland konstant diskutéiert huet a béid Ekippen duerno zesummen op d‘Fouer waren. Et geet awer och drëms, wéi een domat ëmgeet, ze polariséieren an a wichtege Momenter d‘Roll vum Leader komplett z‘iwwerhuelen. Dee ganze Podcast, an deem hien och driwwer schwätzt, wie säi stäerkste Géigespiller bis elo war a mat wiem hie gären an enger Ekipp gespillt hätt, fannt Dir op RTL Play.
Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.