An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch d‘Magaly Meynadier Invitée.

D‘Kapitänin vun der Lëtzebuerger Basket-Nationalekipp schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwert déi eemoleg Chance, fir de Sprong op d‘Europameeschterschaft ze packen. Déi 33 Joer al Spillerin spillt aktuell fir Saarlouis an der éischter Bundesliga an ass mat hirer Ekipp am Krees vun de Favoritten op den Titel. Donieft geet et ëm hir Zäit bei de Musel Pikes an wie si an hirer Karriär am meeschte begleet huet. Si schwätzt awer och iwwert hir schlëmm Blessur a wéi si sech 2022, nodeems si sech d‘Kräizbänner gerass hat, zeréckgekämpft huet. Um Enn erzielt d‘Magaly Meynadier och, wéi et ass, mam Bus vum SV Elversberg op Auswäertsmatcher ze fueren a fir eng Futtballekipp gehalen ze ginn.

Déi ganz Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent” fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 175: Magaly Meynadier