Den FC Déifferdeng feiert déi zweet Victoire am Joer 2026. Um Verluerekascht huet d’Ekipp vum Trainer Pedro Silva 2:0 géint de Racing Lëtzebuerg gewonnen. D’Gäscht waren e bësselche géint de Spillverlaf no enger hallwer Stonn a Féierung gaangen, wéi den Mfoumou am séierste reagéiert hat, wéi de Ball no engem Fräistouss deviéiert gi war a keen am Strofraum sech zoustänneg gefillt hat. De Racing hat virun an nom Réckstand e puer Chancen, déi bescht an der 38. Minutt, mee ouni déi néideg Reussite. Déifferdeng war méi effizient am Ausnotze vu senge Golchancen a konnt nach virun der Paus op 2:0 erhéijen.
D’Stater hunn och am zweeten Duerchgang net opginn an hu weider no vir gespillt, mee blouwen ëmmer an der Defense vun de Gäscht hänken. Alles an allem hat déi zweet Hallschent net méi sou vill ze bidde wéi déi éischt 45 Minutten. Well dem Racing d’Zäit fortgelaf ass an Déifferdeng net méi wéi néideg gemaach huet, blouf et beim 2:0 fir den Tabelleleader.
Déi aner Matcher vum 17. Spilldag ginn e Sonndeg um 16 Auer ugepaff.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Racing FC - FC Déifferdeng 03 0:2
0:1 Mfoumou (33'), 0:2 Hadji (41')