
Nodeems Dortmund Mainz e Freideg mat 0:4 heem geschéckt hat an nees op dräi Punkten un de Bayern dru war, huet München sech dovun net beandrocke gelooss. De Rekordmeeschter huet mam 3:0 zu Bremen den ale Virsprong nees hiergestallt. Bremen konnt domat och am zweete Match ënnert dem neien Trainer Daniel Thioune näischt Zielbares mathuelen. No 20 Minutte kruten d’Bayern en Eelefmeter zougesprach, deen de Kane sécher verwandelt huet. Fënnef Minutte méi spéit huet den Englänner eng zweet Kéier zougeschloen a Bremen domat en haarde Coup zougefüügt, well déi hate sech bis dohin net verstoppt. Nom Säitewiessel huet München de Match geréiert a Bremen keng gréisser Méiglechkeet op den Uschloss ginn. Mam drëtte Gol an der 70. Minutt war d’Mass och gelies.
Am zweete Match ënnert dem neien Trainer Albert Riera ass Frankfurt den éischten Erfolleg gelongen. Nom Gläichspill géint Union Berlin an der leschter Woch gouf et e kloren 3:0 am Heemmatch géint Gladbach. Am Allermatch waren nach zéng Goler (6:4) gefall. Och wann d’Gäscht vum Niederrhein méi vum Match haten, goufe si net wierklech geféierlech. Frankfurt huet op Kontere gelauert an dës effizient genotzt. Aus dräi Golschëss konnt d’Eintracht zwee Goler (24' an 34') markéieren. Gladbach huet sech och nom Säitewiessel net opginn, mee mam drëtte Gol no 75 Minutte war den Deckel drop a Frankfurt duerft sech iwwer déi éischt Victoire no siwe Matcher ouni Dräier freeën. Gladbach muss nom sechste Match ouni Victoire hannerteneen nees méi no ënne kucken.
No der däitlecher Néierlag zu München huet Hoffenheim nees eng Victoire agefuer a Freiburg am klenge badeschen Derby mat 3:0 geklappt. Mat dëser Victoire hunn d’Kraichgauer hir drëtt Plaz hannert Dortmund gefestegt. Et war déi aacht Victoire doheem an enger Saison, wat fir Hoffenheim en neie Veräinsrekord bedeit. Den Hamburger SV huet en 3:2 géint Union Berlin iwwer d’Zäit gerett. Leverkusen huet St. Pauli beim 4:0 keng Chance gelooss.
An der Owespartie treffen nach Stuttgart a Köln openeen.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.