No Participatioun u Futtball-WMSüdafrikaneschen Nationalspiller dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Virun zwou Wochen huet den Jayden Adams nach fir säi Land bei der Weltmeeschterschaft an Nordamerika gespillt, elo gouf de Mëttelfeldspiller dout fonnt.
Den Jayden Adams am Trikot vu Südafrika am Match géint Tschechien bei der Futtball-Weltmeeschterschaft.
Den Jayden Adams am Trikot vu Südafrika am Match géint Tschechien bei der Futtball-Weltmeeschterschaft.
© ULRIK PEDERSEN/NurPhoto via AFP

Kuerz no der Participatioun un der Futtball-Weltmeeschterschaft mat sengem Land ass de südafrikaneschen Nationalspiller Jayden Adams e Samschdeg dout an engem Haus fonnt ginn. D'Ursaach ass onkloer. De Mëttelfeldspiller war mat Südafrika bis an d'Siechzéngtelsfinall komm, do awer um Co-Organisateur Kanada a leschter Minutt (0:1) gescheitert.

Wéi eng Rëtsch international Medie mellen, war dem Adams seng Groussmamm virum WM-Match géint Tschechien verstuerwen. Ob dat eppes mat sengem Doud ze dinn huet, ass onkloer.

Den Adams koum aus der Jugend vum südafrikanesche Veräin FC Stellenbosch an ass elo deen drëtte Spiller aus der Jugendakademie, deen zimmlech fréi gestuerwen ass. Virun him haten den Oshwin Anries (2023) an den Jeandre Gaffoor (2026) dat selwecht Schicksal erlidden.

Back to Top
CIM LOGO