
Den Titel an der Champions League vun den Damme geet fir d'véierte Kéier un den FC Barcelona. D'Finall géint de Rekordgewënner OL Lyonnes gouf um Enn zu enger Muechtdemonstratioun. An enger animéierter Finall zu Oslo hat déi polnesch Stiermerin Ewa Pajor déi éischt zwee Goler (55', 69') markéiert. D'Salma Paralluelo huet mat weideren zwee Goler de Schlusspunkt (90', 90+3') gesat.
Am ausverkaaften Ullevaal-Stadion an der norwegescher Haaptstad war Lyon mat 1:0 a Féierung gaangen, ma de Gol vum Lindsey Heaps (14') huet wéinst Abseits net gezielt. Barca war no der Paus no engem Konter a Féierung gaangen, beim 2:0 hat d'Pajor ze vill Plaz kritt an d'Paralluelo huet du mat den zwee Goler fir d'Schlussresultat gesuergt.
Barcelona stoung fir d'sechste Kéier noeneen an der Finall an huet sech no 2021, 2023 an 2024 fir d'véierte Kéier den Titel geséchert. No der Coupe an dem Championstitel hunn d'Spillerinne vu Barcelona sech mat der Victoire vun der Champions League den Triple geséchert.
D'Dammen aus Lyon mussen iwwerdeems weider op hiren néngten Titel waarden. Mat aacht Titelen ass OL Lyonnes awer ëmmer nach de Rekordgewënner an der Champions League.