Public Viewing um GlacisFans vun Argentinien freeë sech iwwer d'Halleffinalvictoire

Christophe Hochard
No der Paus konnten d'Supporter vun England sech eng éischte Kéier freeën. Duerno zweemol d'Fans vun den Argentinier.

Dausende vu Futtballbegeeschterter waren e Mëttwochowend um Glacis, fir sech déi zweet Halleffinall vun der Weltmeeschterschaft tëscht England an Argentinien um groussen Ecran unzekucken. D'Supporter vu béiden Ekippen hu fir gutt Stëmmung op der Plaz gesuergt. Et gouf gesongen, gedanzt, giess a gedronk. Am Dress vun hirer respektiver Ekipp hunn d'Zuschauer hire Favorit ugefeiert.

Argentinesche Jubel, englesch Tréinen
Beim Public Viewing vun der Halleffinall vun der Futtball-WM sinn d'Emotiounen héichgekacht.

Virum Match, wärend den Drénkpausen an och an der Hallschent vun der Partie huet en DJ mat Musek fir gutt Laun gesuergt. No der Paus konnten d'Supporter vun England sech eng éischte Kéier freeën. Duerno zweemol d'Fans vun den Argentinier. De Public Viewing um Glacis war awer fest an den Hänn vun de Supporter vun den Three Lions. Dës hunn awer no 90 Minutte mussen enttäuscht heemgoen.

Argentinien gewënnt 2:1 géint England a spillt e Sonndeg an der Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft géint d'Spuenier.

Back to Top
CIM LOGO