Den Auswäertstricot vun der Belsch ass Ären Tricot-Weltmeeschter 2026. Den hellblo-rosaen Tricot huet Iech am meeschten iwwerzeegt a krut an der decisiver Ofstëmmung op RTL.lu vun den 12 Finalisten déi meeschte Votten.
Bannent deene leschte Wochen hu mir Iech gefrot, fir dee schéinsten Tricot bei dëser Futtball-WM ze bestëmmen. Ugefaangen huet et, wéi och beim Turnéier a Mexiko, den USA a Kanada, mat enger Gruppephas, bei där jeeweils den Heem- an Auswäertstricot vun all Ekipp pro Grupp zur Auswiel stoungen.
Dovun haten et déi 12 éischtplacéiert Tricote souzesoen an d'K.o.-Phas gepackt, wou mir op en Neits no Ärer Meenung gefrot hunn, fir de Gewënner ze bestëmmen.
Mat 19,8 Prozent vun all de Stëmmen huet sech do dann de belschen Auswäertstricot mat engem relativ komfortabele Virsprong duerchgesat. Hannendrun huet et mat 15 Prozent de mexikaneschen Heemtricot gepackt an déi drëtt Plaz um Podium ass un den Auswäertstricot vun Argentinien gaangen, dee sech an der Finall géint Spuenien e Sonndeg souguer nach de richtege WM-Titel séchere kann.

