Lëtzebuerger Futtballer am AuslandCarlson wënnt mat St. Pölten, Bastia mam Bohnert verpasst wichteg Punkte géint Amiens a Moris spillt mat Al Khaleej just gläich

Andy Brücker
Nom Lännermatch géint Malta sinn d'Lëtzebuerger Futtballer nees an hire Veräiner gefuerdert.
Archivfoto
Archivfoto
© THOMAS PICHLER/APA-PictureDesk via AFP

Ligue 2 a Frankräich

SC Bastia - SC Amiens 1:1

Béid Ekippe brauchen dréngend Punkten, well si stinn am Tabellekeller vun der 2. franséischer Liga. Den SC Bastia vum Florian Bohnert ass virun dësem Match op der leschter Plaz (18) mat 20 Punkten. Den SC Amiens steet net vill besser do, mat Plaz 16 an 23 Punkten. Fréi huet Bastia mussen e Réckstand verkraaften, well et huet just 11 Minutte gedauert, bis Amiens duerch den Kore mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Bastia war awer net schockéiert a konnt just 12 Minutte méi spéit den Ausgläich schéissen, dat duerch de Felix Tomi. Mat deem Score ass et net just an d’Paus gaangen, ma och an der zweeter Hallschent sollt kee Gol méi falen. Deemno ka kee wierklech profitéieren, well d’Punkte gedeelt goufen. Bastia waart elo schonn zanter 10 Matcher op eng Victoire. Déi leschte Kéier, dass et 3 Punkte gouf, war de 16. Januar Auswäerts géint Stade Laval.

2. Liga an Éisträich

Sturm Graz II - SKN St. Pölten 0:1

De Lëtzebuerger Dirk Carlson war mat sengem Veräin SKN St. Pölten op Besuch bei der zweeter Ekipp vu Sturm Graz, dat am Kader vum 23. Spilldag. De Carlson stoung vun Ufank un um Terrain. Laang Zäit huet et no engem 0:0 ausgesinn. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet de 17 Joer jonke Valentin Ferstl dann awer den erléisenden 1:0 fir Sankt Pölten geschoss, wouduerch de Veräin den Uschloss un d’Tabellespëtzt net verléiert.

Premier League a Saudi-Arabien

Al Kholood - Al Khaleej 2:2

Den Anthony Moris stoung tëscht de Pottoe bei sengem Veräin Al Khaleej, wéi et géint Al Kholood gaangen ass, fir déi et drëm geet net an den Tabellekeller ze rutschen, iwwerdeem Al Khaleej probéiert aus dem Mëttelfeld no uewen ze kommen. Et goung Schlag op Schlag. No 9 Minutten ass d’Heemekipp mat 1:0 a Féierung gaangen, ma just 9 Minutten drop huet de Fortounis via Eelefmeter ausgeglach. Kuerz virun der Paus konnt d’Heemekipp den 2:1 markéieren. De Veräi vum Lëtzebuerger huet sech awer net opginn, a konnt sech an der 85. Minutt duerch e Gol vum Masouras e Gläichspill sécheren.

Back to Top
CIM LOGO