
Déi nei Saison am nationale Futtball geet vum 2. August bis Enn Mee. Mat Walfer, Rëmeleng, Wooltz an Ettelbréck si 4 Opsteiger nei an der Divisioun. Déi zwou leschtgenannten Ekippe kréien et um éischte Spilldag mateneen ze dinn. Am Nordderby kritt den FC Wooltz 71 Besuch vun der Etzella Ettelbréck. Donieft spillt ënner anerem de Champion Biissen doheem géint Diddeleng, et kënnt och zur Affiche Munneref - Déifferdeng a Walfer spillen hiren éischte Match iwwerhaapt an der BGL Ligue doheem géint Hueschtert.
De leschte Spilldag vum Championnat ass fir den 23. Mee 2027 programméiert. D'Coupe-Finall dogéint 5 Deeg méi spéit, freides den 28. Mee.
Ausserdeem goufen och d'Datumer am Damme-Championnat festgeluecht, deen den 12. September ugeet. D'Matchpaarunge sinn awer nach net bekannt.