WM-TëschebilanWéineg Raum fir Feeler bei de Favoritten

Tom Nols
D'Hallschent vun de 1/16-Finallen ass gespillt a Mat-Favoritte wéi Holland an Däitschland si schonn eraus. Brasilien konnt sech sou just géint Japan behaapten. Op wéi eng weider Dueller kënne mir eis freeën?
Entretemps hu méi wéi 5 Millioune Fans d'WM live am Stadion suivéiert
Entretemps hu méi wéi 5 Millioune Fans d'WM live am Stadion suivéiert
© AYMAN AREF/NurPhoto via AFP

Et ass déi éischte Kéier, datt op enger Futtball-WM 1/16-Finalle gespillt ginn an déi haten et zum Deel schonn a sech. Brasilien konnt a leschter Sekonn de Kapp aus der Schléng zéien a sech géint staark Japaner duerchsetzen. De kanadeschen Dram vun enger erfollegräicher Heem-WM lieft no engem spéiden 1:0 géint Südafrika och weider. Ob deen iwwert den nächsten Duell mat de Marokkaner eraus wäert bestoe bleiwen, dierf awer bezweiwelt ginn.

Feierowend hu schonn déi Däitsch an d'Hollänner. Wärend een no den enttäuschenden Optrëtter vun der Mannschaft scho bal net méi iwwerrascht ass iwwert de WM-Aus vun den Nagelsmänner, hat d'Elftal mat Marokko e richteg staarke Géigner, dee schonn an der leschter WM bis an d'Halleffinalle komm war. De Ronald Koeman huet entretemps als Nationaltrainer vun Holland demissionéiert. Wéi et beim DFB wäert weidergoen, ass nach ongewëss.

D'Elfenbeinküst an d'Norweger hu sech en enken Duell geliwwert, mam besseren Enn fir d'Skandinavier, déi weider duerch den Tournoi rudderen dierfen. An der Partie tëscht Frankräich a Schweden gouf et keng Iwwerraschung, d'Équipe Tricolore gehéiert zum Krees vun de grousse Favoritten an ass elo gewarnt virum nächste Géigner Paraguay, deen Däitschland no Eelefmeterschéissen eliminéiert hat. Wéi staark Erling Haaland a Co wierklech sinn, kënne se an der Aachtelsfinall géint Brasilien beweisen.

Bal stëll an heemlech hu sech d'Mexikaner an d'Ronn vu de leschte 16 Ekippe gespillt. Ouni Géigegol. Och fir si ass et eng Heem-WM, déi, wéi et schéngt, vill Réckewand gëtt. Hire Géigner an der nächster Ronn steet nach net fest, mee dësen dierf sech op eng staark Defense astellen.

Wéi eng 1/16-Finallen nach gespillt ginn

E Mëttwoch spillt England um 18 Auer géint d'DR Kongo a geet als Favorit an de Match. D'Afrikaner waren als Drëtt vum Grupp K an d'K.o.-Ronn komm, nodeems se an der Virronn géint Usbekistan gewonnen a géint Portugal gläich gespillt haten. De Gewënner vun dësem Duell wäert an der Aachtelsfinall op Mexiko treffen.

Änlech enttäuschend wéi bei den Däitsche war bis elo d'Optriede vun den Diables Rouges. Wat d'Belsch amstand sinn ze leeschten, kënne se e Mëttwoch den Owend um 22 Auer géint de Senegal ënner Beweis stellen. D'Afrikaner waren am Grupp de Favoritte Frankräich an Norwegen ënnerleeën, konnten awer duerch e 5:0 géint den Irak den Ticket fir d'1/16 Finallen nach knipsen.

Grouss Hoffnungen op e Weiderkomme maache sech d'USA. Am éischte K.o.-Match waarden an der Nuecht op en Donneschdeg déi onbequeem Bosnier, déi als Gruppendrëtte weiderkomm sinn. De Gewënner vun dësem Match trëfft an den Aachtelsfinallen op de Vainqueur vun der Partie Belsch géint Senegal.

En Donneschdeg den Owend sinn zwou 1/16-Finallen, déi gutt a gär och Véierels- oder Halleffinallen op enger Europameeschterschaft kéinte sinn. Mat-Favorit Spuenien trëfft op Éisträicher, déi sech a leschter Sekonn fir déi nächst Ronn qualifizéiert haten. An deem anere Match ass et de méiglecherweis leschten Duell vun de Legende Cristiano Ronaldo a Luka Modric, wa Portugal a Kroatien openee treffen. Sécher ass just, dass et do an der Aachtelsfinall zu engem weideren europäeschen Duell wäert kommen.

E Freideg wäerten d'Schwäiz an Algerien ëm e Weiderkomme spillen. D'Eidgenosse sinn ongeschloen eng Ronn weiderkomm an dierfte géint d'Nordafrikaner am Virdeel sinn. Am nächsten Tour waart de Gewënner vun der Explikatioun Kolumbien géint Ghana. D'Südamerikaner hunn d'Virronn ongeschloen iwwerstanen, wärend Ghana am Grupp den Englänner e Gläichspill ofgewanne konnt. Eng reng afrikanesch Aachtelsfinall ass net onméiglech.

Wien am Duell tëscht Australien an Ägypten wäert weiderkommen, ass schwéier soen, woubäi d'Männer ronderëm de Mo Salah kee Match verluer hunn an der Virronn. Hire Géigner kënnt aus dem Duell David géint Goliath, wann an der Nuecht op e Samschdeg de Cap Vert op Argentinien trëfft. De Weltmeeschter dierft gewarnt sinn an de WM-Newcomer sécher net op déi liicht Schëller huelen.

Back to Top
CIM LOGO