
An engem Testmatch huet Däitschland 4:3 géint d’Schwäiz gewonnen. De Florian Wirtz huet mat 2 Goler an zwee Assists iwwerzeegt, d’Defense huet manner gutt ausgesinn.
Spuenien huet 3:0 géint Serbien gewonnen. Den Oyarzabal konnt an den éischte 45 Minutten zwee Mol fir Spuenien markéieren. An der 72. Minutt huet de Munoz den 3:0 geschoss.
Holland setzt sech 2:1 géint Norwegen duerch, nodeems een no 24 Minutten 0:1 hanne loung. De Schjelderup hat fir d’Norweger getraff. De Van Dijk konnt an der 35. Minutt op 1:1 ausgläichen, éier de Reijnders an der 51. Mintt den 2:1 geschoss huet.
England an Uruguay spillen 1:1 gläich. De White hat d’Englänner an der 81. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der Nospillzäit konnt de Valverde awer nach via Eelefmeter ausgläichen.