FIFAGianni Infantino wëll Russland erëm fir Jugend-Competitiounen zouloossen

Sam Rickal
Zanter 4 Joer féiert de Kremlchef Wladimir Putin Krich géint d'Ukrain. Zanterhier haten d'FIFA an d'UEFA Russland vun den internationale Competitiounen ausgeschloss.
© AFP (Archiv)

Dës Decisioun war allerdéngs net d’Reaktioun op de militäreschen Iwwerfall vun Russland an der Ukrain, mee well d’"Integritéit vun der Competitioun” a Gefor wier. Dat war deemools d’Argumentatioun. An engem Interview mam brittesche Fernseesender Sky huet sech den Gianni Infantino fir e Retour vu Russland ausgeschwat: “Op allefalls, dat musse mir. Op jiddwerfalls an der Jugend. Dës Restriktioun huet näischt bruecht. Et huet nëmmen zu méi Frustratioun an Haass gefouert.”

2023 haten de Weltfuttballverband FIFA an déi europäesch Futtballfederatioun UEFA nees U17-Ekippe fir international Competitiounen zougelooss. Dës Pläng goufen awer spéiderhi verworf, well verschidden europäesch Verbänn ee Boykott ugekënnegt haten. Am Abrëll d’lescht Joer hat sech den Gianni Infantino um UEFA-Kongress zu Belgrad fir e Retour vu Russland ausgesprach, allerdéngs am Zesummenhang mam Enn vum Krich.

Am Dezember 2025 hat de Rot vun der FIFA annoncéiert, datt russesch Ekippe bei U15-Tournoien deelhuelen dierfen. Dat war eng Reaktioun op d’Recommandatioun vum Internationalen Olympesche Comité (IOC), dee sech kuerz virdru fir en onageschränkte Retour vu Russland an déi international Jugend-Competitioune staark gemaach hat.

Och den UEFA-President Aleksander Ceferin hat den Ausschloss vu russesche Jugendekippe méi wéi eng Kéier kritesch hannerfrot. Dem Slowen no wier déi jonk russesch Generatioun soss international dauerhaft isoléiert.

Back to Top
CIM LOGO