BGL Ligue an der RTL Live ArenaDe Match Munneref-Biissen vu 16 Auer un am Livestream a Liveticker

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass am nationale Futtball-Championnat d'Suite vum 18. Spilldag. Am Match phare tëscht den zwou immens formstaarken Ekippe kritt et Munneref mat Biissen ze dinn.

De Match Phare vum 18. Spilldag ass d’Partie Munneref géint Biissen. Wärend Munneref déi lescht fënnef Championnatsmatcher alleguer gewanne konnt, sinn d’Biissener scho säit 13 Matcher ongeschloen. Den Ustouss ass e Sonndeg um 16 Auer.

Hei fannt Dir d’Kadere vun den Ekippen.

Parallel kënnt Dir wéi gewinnt déi aner Partië vum Spilldag an der RTL Live Arena suivéieren.


Commentaire: Gilles Tricca a Serge Olmo
Start vum Stream: 15.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 18.00 Auer


D’Resultater an d’Tabell

Back to Top
CIM LOGO