Den Iwwerbléck vum internationale FuttballEindhoven ass Meeschter, Frankfurt a Köln spille Gläich

Christophe Jost
Et ass déi fréiste Meeschterschaft an der Geschicht vun der Hollännescher Eredivisie. Leeds United setzt sech am Eelefmeterschéisse géint West Ham duerch.
PSV Eindhoven's Dutch midfielder #20 Guus Til (L) celebrates with teammates after scoring his team's third goal during the Dutch Eredivisie football match between PSV Eindhoven and FC Utrecht at Philips Stadion in Eindhoven on April 4, 2026.
D’Spiller vun Eindhoven feieren hier Victoire géint Ultrecht
© ANP/AFP

D’Ekipp vum Trainer Peter Bosz huet säin Titel vum leschte Joer domat souverän verdeedegt. No der 4:3-Victoire e Samschdeg géint Ultrecht profitéiere Perisic, Schouten a Co. vum 0:0-Gläichspill e Sonndeg vu Feyenoord Rotterdam zu Volendam. 5 Spilldeeg viru Schluss huet Eindoven 17 Punkten Virsprong op Rotterdam. Et ass déi 26. Meeschterschaft fir de PSV.

Um Ouschterweekend ginn an der Premier League keng Matcher gespillt, dofir stoung nach 1 Match am FA Cup um Programm. An der Bundesliga war et d’Suite vum 28. Spilldag.

Bundesliga

Union Berlin - St. Pauli 1:1
0:1 Pereira Lage, 1:1 Ilic (52')

St. Pauli spillt mam Danel Sinani zu Berlin an der “aaler Försterei” 1:1. Domat kann een de Virsprong op Wolfsburg op 4 Punkten ausbauen, e richtege Sprong no Uewe bleift awer aus. Et bleift een deemno op der 16. Plaz an der Tabell. Pauli ass duerch en Dramgol aus 25 Meter vum Mathias Pereira Lage a Féierung gaangen, krut an der 52. Minutt per Kappball vum Andrej Ilic awer den Ausgläich kasséiert. An der Schlussphase hat Pauli Gléck dass Union hier Chancen net notze konnt, dat och duerch eng staark Partie vum Vasilj am Gol vu Pauli. Zu allem Iwwerfloss krut den Irvine an der Nospillzäit nach déi Giel-Rout Kaart. Den Danel Sinani stoung bei de Gäscht 90 Minutten um Terrain.

Eintracht Frankfurt - FC Köln 2:2
1:0 Burkardt (66'), 2:0 Kalimuendo (69'), 2:1 Kaminski (70'), 2:2 Bulter (83')

Fir den Ofschloss vum 28. Spilldag deele sech Frankfurt a Köln d’Punkten. Frankfurt a Köln haten virun allem an der 1. Hallschent genuch Chancen, kenger Ekipp sollt hei awer e Gol geléngen. Frankfurt huet de Match kontrolléiert iwwerdeems Köln mam neien Trainer virun allem op Konterméiglechkeeten gelauert hunn. An der zweeter Hallschent ass laang net vill passéiert, éier der Lokalekipp bannent 3 Minutten zwee Goler markéiere konnt. Köln konnt awer quasi am Géigenzuch den direkten Uschloss duerch de Jakub Kaminsik markéieren an esou konnten Spectateure sech op eng spannend Schlussphase astellen. Den agewiesselten Alessio Vastro-Montes sollt fir Köln den Ausgläich markéieren, wat gläichzäiteg och d’Schlussresultat sollt sinn. E wichtege Punkt fir Köln am Tabellekeller, wou een weider 2 Punkten virun Pauli op er 15. Plaz steet.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

FA Cup

West Ham United - Leeds United 2:2 (2:4 am Elefmeterschéissen)
0:1 Tanaka (26'), 0:2 Calvert-Lewin (75'), 1:2 Fernandes (90+3'), 2:2 Disasi (90+6')

Laang huet et dono aus gesinn dass Leeds United sech mat 2:0 géif am Premier League Duell géif duerchsetzen. An der 92. Minutt louchen d’Gäscht nach mat 2:0 am Avantage. An dunn ass et nawell hektesch ginn. Bannent 3 Minutten huet West Ham dat Onméiglech nach méiglech gemaach a huet sech duerch Goler vum Fernandes a Disasi an d’Verlängerung gerett. Hei war West Ham déi iwwerleeën Ekipp, krut awer 2 Goler vum VAR oferkannt. An esou huet d’Entscheedung am Eelefmeterschéisse misse falen. Hei hat Leeds déi besser Nerven a steet a steet nieft Manchester City, Chelsea a Southampton an der Halleffinall vum englesche Pokal. Fir Leeds United ass et déi 1. Halleffinal am FA Cup säit 1987.

Ligue 1

SCO Angers - Olympique Lyon 0:0

Réckschlag fir Olympique Lyon em d’Lutte em d’Champions League Qualifikatioun an der Ligue 1. No 28. Spilldeeg steet een 2 Punkten hannert Lille op der 5. Plaz. Bei enger Victoire wier e Mat Lille a Saache Punkte gläich gezunn.

Metz - Nantes 0:0

Am direkten Duell vun deenen 2 leschten an der Tabell komme béid Ekippen net iwwer een 0:0-Gläich eraus. Metz, déi 51 Minutten an Iwwerzuel gespillt hunn, bleiwe mat 15 Punkten op der leschter Plaz, iwwerdeems Nantes et verpasst ei no un Auxerre op der 16. Plaz erun ze kommen. Fir béid Ekippe gëtt et ëmmer méi enk fir d’Klass an der Ligue 1 ze behalen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO