E Freideg presentéiert den Nationaltrainer Dan Santos säi Kader fir béid Partien. D’Qualifikatioun fir d’WM 2027 a Brasilien gëtt a Form vun der Nations League gespillt. Nieft Schottland kréien d’Lëtzebuerger Dammen et och nach mat Israel an der Belsch ze dinn.
D’Pressekonferenz kënnt Dir vun 11 Auer un hei am Stream live suivéieren.