Futtball-Championnat: BGL LigueGläichspill tëscht Stroossen a Biissen, Racing mat Last-Minute-Victoire zu Rouspert

RTL Lëtzebuerg
De Grousse Gewënner vum Spilldag ass awer ouni Zweifel Munneref. Si sinn déi eenzeg Ekipp aus den Top 6 déi um Sonndeg konnten dräi Punkten asammelen a sprange vun der fënnefter Tabelleplaz op déi zweeten no vir.
Keng Goler tëscht Diddeleng an Déifferdeng
Déi Déifferdenger hunn an der Tabell nach 4 Punkten Avance op Munneref.

Am nationale Futtball-Championnat gouf de kompletten 22. Spilldag an der BGL Ligue e Sonndeg gespillt. Dobäi stounge sech déi éischt véier an der Tabell an direkten Dueller géigeniwwer.

Stroossen krut et mat Biissen ze dinn an den Tabelleleader vun Déifferdeng war zu Diddeleng op Besuch.

De Spectateuren op deene verschiddenen Terraine gouf an deenen 8 Matcher dann och nawell munches gebueden. Net manner wéi 31 Goler sinn an deenen 8 Matcher gefall, woubäi de Match Diddeleng géint Déifferdeng mat engem 0:0-Gläich op en Enn gaangen ass, sou dass Déifferdeng an der Tabell elo 4 Punkte viru Munneref a 6 virun Diddeleng läit.

Am Stade an de Millewisen gouf et um Enn en 3:3-Gläich tëscht Stroossen a Biissen. Virun allem an der 1. Hallschent hat Stroossen kaum Chancen, konnt per Eelefmeter de Match virun der Paus awer nees ausgläichen. Nom Säitewiessel stoung dunn den Tim Hall am Fokus. Fir d'éischt schéisst hien d'Una an der 48. Minutt a Féierung, éier hien an der 65. Minutt de Ball an den eegene Gol offälscht. De Match ass zu dësem Zäitpunkt hin an hier gaangen, an krut duerch déi Giel-Rout Kaart vum Rastoder an der 54. Minutt zousätzlech Brisanz. Stroossen ass an der 71. Minutt duerch de Pimentel wuel nees a Féierung gaangen, Biissen huet et awer direkt zwee mol gepackt, an Ënnerzuel de Match auszegläichen, sou dass dëse Match um Enn op en 3:3-Gläich erausgelaf ass.

© Ryan Feller

Hueschtert huet no 0:1 Réckstand duerch dräi Goler vum Dieme an der zweeter Hallschent de Match gedréint a ka sech um Enn mat 3:2 géint d'Jeunesse duerchsetzen. Wichteg 3 Punkten am Kampf géint den Ofstig deemno fir d'Ekipp aus dem Gréngewald.

Am Tabelle-Keller gouf et eng wichteg Victoire fir Mamer zu Péiteng. Am direkten Duell ka sech Mamer duerch e Gol an der 90. Minutt duerch den Teles Santos mat 2:1 zu Péiteng behaapten. 

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Jeunesse Esch – US Hueschtert 2:3
1:0 Jonathans (38'), 1:1 Dieme (61'), 1:2 Dieme (69'), 1:3 Dieme (72'), 2:3 Elshan (88')

F91 Diddeleng – FC Déifferdeng 0:0

US Munneref – Jeunesse Kanech 3:1
1:0 Stoltz (26'), 2:0 Tinelli (48'), 2:1 Desevic (66'), 3:1 Kumbi (68')

FC Rodange - Swift Hesper 2:0
1:0 Mbombo (63'), 2:0 Amiri (88')

Victoria Rouspert – Racing Union 3:4
1:0 Villeneuve (23'), 1:1 Diakhite (35'), 1:2 Kante (39'), 2:2 Kyereh (41'), 2:3 Matuvangua (71'), 3:3 Marques (75'), 3:4 Qevani (90+2')

Racing mat Last-Minute-Victoire zu Rouspert
Tëscht Rouspert an dem Racing si 7 Goler gefall. De Racing klëmmt op Plaz 7 an der Tabell

Union Titus Péiteng – FC Mamer 1:2
1:0 Lognard (30'), 1:1 Maurice (73'), 1:2 Teles Santos (90')

Una Stroossen – Atert Biissen 3:3
0:1 Ferber (8'), 1:1 Zenadji (39'), 2:1 Hall (48'), 2:2 Hall (65'), 3:2 Pimentel (71'), 3:3 Ferber (76')

Progrès Nidderkuer – UN Käerjeng 2:2
0:1 Dieye (3'), 1:1 Natami (41'), 1:2 Mabwati (85'), 2:2 Baradji (90')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO