
Um leschte Spilldag vun der regulärer Saison huet sech den Tabellen-Drëtten Hesper kloer mat 6:1 géint de 4. Jonglënster duerchgesat. De Racing hat géint den Opsteiger Beetebuerg och keng Problemer an huet mat 5:1 gewonnen. Déifferdeng konnt zu Ell knapp mat 1:0 gewannen. De Racing, Déifferdeng, Hesper a Jonglënster bleiwen op de véier éischte Plazen an der Tabell.
Am Tabellekeller huet d’Entente Wuermer/Mënsbech/Hueschtert och déi lescht Partie géint den Zweetleschte Käerjeng 0:3 verluer. Tëscht Dikrech a Mamer gouf et en 0:0-Remis.