
E Sonndeg huet Greuther Fürth an der zweeter däitscher Bundesliga géint den Opstigskandidat Darmstadt 3:2 gewonnen an domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig gesammelt. Den decisive Gol fir d'Ekipp vum Aiman Dardari sollt eréischt an der Nospillzäit falen, nodeems si zweemol hanne louch. De Lëtzebuerger souz 90 Minutten op der Bänk.
An der zweeter éisträichescher Liga koum St. Pölten net iwwer en 0:0 géint Liefering eraus a musst domat déi bis dohi punktgläich Austria Lustenau laanschtzéie loossen. D'Ekipp vum Dirk Carlson huet e puer Spilldeeg viru Schluss zwee Punkte Réckstand op den neien Tabelleleader, domat awer nach all d'Chancen op den Opstig an d'Bundesliga. De Carlson huet 90 Minutten duerchgespillt a krut an der 75. Minutt déi giel Kaart gewisen.
A Portugal krut de Leandro Barreiro et mat Benfica Lissabon am Derby mat Sporting Lissabon ze dinn. D'Heemekipp Sporting hätt an der 19. Minutt kënne mat 1:0 a Féierung goen. De Suarez huet den Eelefmeter awer verschoss. An der 27. Minutt huet de Schjelderup et fir Benfica awer besser gemaach an huet den 0:1 markéiert. De Morita konnt an der 72. Minutt den 1:1 Ausgläich schéissen. Den decisiven 2:1 fir Benfica ass an der Nospillzäit gefall. No Viraarbecht vum Leandro Barreiro konnt de Rafa Silva markéieren. No där Aktioun gouf de Barreiro an der 94. Minutt ausgewiesselt a kuerz drop gouf de Match ofgepaff. Duerch déi Victoire spréngt Benfica elo op Plaz 2 an der Tabell, dat mat 72 Punkten. Leader bleift den FC Porto mat 79 Punkten.
Fir de Laurent Jans gouf et mat Beveren de perfekten Ofschloss vun der Saison. Duerch eng 2:1-Victoire um leschte Spilldag géint Seraing um Freidegowend ass et der Ekipp gelongen, déi ganz Saison ouni eng eenzeg Defaite ze bleiwen. Eng Première an der Challenger Pro League. Scho virun e puer Wochen hat Beveren mam Lëtzebuerger Kapitän den Opstig an d'Éischtklassegkeet perfekt gemaach a kuerz drop och de Championstitel gefeiert.
An der 1. Bundesliga war e Freideg den Owend dann och nach den Danel Sinani am Asaz. Mam Lëtzebuerger an der Starteelef gouf et um Enn mat engem 1:1-Remis doheem géint Köln ee Punkt. An der 69. Minutt war duerch de Mets de Féierungsgol gelongen, ma kuerz viru Schluss huet en Eelefmeter vum Waldschmidt de Score nees egaliséiert. An der Tabell huet Pauli domat verpasst, vun der Relegatiounsplaz méi no op eng sécher Plaz ze sprangen a sech gläichzäiteg och weider vun enger direkter Ofstigsplaz ze léisen.
En 1:1 gouf et och fir de Grazer AK mam Mathias Olesen an der Starteelef géint den SV Ried. An den Ofstig-Playoffs bleift de Club vu Graz mat siwe Punkte weider op sécherer Distanz vun enger Ofstigsplaz an huet souguer nach mat engem Punkt Réckstand gutt Chancë fir eng méiglech Plaz an der Qualifikatioun vun der UEFA Conference League.