
Bis ewell goufen et 7 Dueller tëscht béiden Natiounen. Dräimol konnt sech d’FLF-Selektioun behaapten, et goufen zwee Remisen an och zwou Victoirë fir d’Malteeser. Déi lescht Partie tëscht béiden Ekippe geet zeréck an d’Joer 2023. Ufank Juni hate sech d’Rout Léiwen 0:1 an engem Frëndschaftsmatch am Stade de Luxembourg misse geschloe ginn. De leschten Auswäertsmatch op Malta war 2018. Virun 8 Joer konnt sech d’Ekipp vum deemolegen Nationaltrainer Luc Holtz duerch e Gol vum Dan Da Mota 1:0 duerchsetzen.
De leschte kompetitive Match war 1995. An der remarkabeler EM-Qualifikatioun, an där d’FLF-Selektioun de fréiere Rekord vun 10 Punkten an enger Campagne opgestallt hat, krut et Lëtzebuerg am Grupp 5 och mat Malta ze dinn. An et waren historesch Konfrontatiounen. Den Allersmatch konnten d’Lëtzebuerger duerch e Gol vum Manuel Cardoni fir sech entscheeden. Et war net nëmmen déi éischt Victoire an der EM-Quali, mee och gläichzäiteg déi éischt 3 Punkten zanter 22 Joer. Laang haten d’Rout Léiwen op eng Victoire misse waarden. Ma och am Réckmatch konnte sech Weis, Hellers a Co. mat 1:0 am Stade de Luxembourg behaapten.
Um Pabeier ass déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp Favorit. Dat beweist och d’FIFA-Weltranglëscht, an där Lëtzebuerg aktuell op der 102. Plaz steet a Malta dogéint 59 Plazen hannendrun. Allerdéngs sinn d’Ausgangspositiounen ënnerschiddlech. D’Rout Léiwen hunn zanter engem Joer net méi gewonnen. Déi lescht Victoire gouf et am Mäerz 2025 an engem Frëndschaftsmatch am Stade de Luxembourg géint Schweden. An der Suite goung d’WM-Qualifikatioun ouni ee Lëtzebuerger Punkt op en Enn. Sécherlech maachen déi gutt Prestatioune géint ënnert anerem d’Slowakei an Däitschland Mutt, ma och d’Malteeser gi mat enger breeder Broscht an dës Partie.
5 Punkte konnt Malta an der WM-Quali d’lescht Joer sammelen. Dorënner zwee Remisen, wéi och eng 1:0-Victoire Mëtt November auswäerts a Finnland. Donieft huet och déi knapp a spéit 2:3-Defaite doheem géint Polen gewisen, datt si net z’ënnerschätze sinn. An de leschte Joren hu sech d’Malteeser verbessert. Dat weisen och d’Prestatiounen an d’Resultater. Ee vun de Pilieren aus der Ekipp ass den Teddy Teuma, dee beim Standard Léck an der éischter belscher Divisioun spillt.
Malta huet an der rezenter Vergaangenheet eng Partie Spiller agebiergert, déi wäitleefeg malteesesch Wuerzelen hunn, dofir awer a gudde Championnat spillen. Dorënner den James Carragher vu Wigan Athletic aus der drëtter englescher Divisioun. Den 23 Joer alen Defenseur ass de Bouf vun der Legend vum FC Liverpool Jamie Carragher. Donieft sinn awer och mëttlerweil de Keyon Ewurum vum FC Turin, den Ilyas Chouaref vum FC Sion, den Irvin Cardona vu Saint Etienne an de Basil Tuma vum FC Reading Deel vun der malteesescher Nationalekipp.
Jeff Strasser: “Si hunn duerch Systemer op eemol Leit, déi fir hir Nationalekippe spillen, déi soss net do gespillt hunn. Do ginn et ganz vill Reglementer vun der UEFA, deen een hei, dat anert sou, wann en Droit du sang, Droit de naissance etc. Dat ass d’Legislatioun vum Land, da kënnt d’Legislatioun vun der UEFA, bezéiungsweis FIFA dobäi, déi da seet, wann dat ass, da geschitt dat, wann dat, dann dat. Ech brauch just de Fall ze huelen, wéi vill Frëndschaftsmatcher muss ee gespillt hunn, fir definitiv net méi fir anerer selektionabel ze sinn. Virun enger Zäiten hu mir iwwer 3-4 Matcher geschwat. Do waren och Saachen onkloer, d’Reglementer vun der FIFA sinn heiansdo ganz oniwwersiichtlech oder ganz voluminéis. A Malta huet déi Saachen esou exploitéiert, dass si kënnen deen een oder anere Spiller abiergeren an haut fir si spille loossen.”
Déi béid Partië vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp géint Malta kënnt Dir en Donneschdeg an en Dënschdeg d’nächst Woch ëm 18.00 Auer bei eis um RTL Zwee, um RTL Play an op RTL.lu kucken.