E Mëttwoch den Owend koum et beim Champions-League-Match tëscht Liverpool a Galatasaray an der Schlussphas zu onschéine Biller. Et geet heibäi ëm de 26 Joer jonken Hollänner Noa Lang, dee fir de blesséierte Victor Osimhen an der Halbzeit agewiesselt gouf.
Den Osimhen hat sech schonn an der 8. Minutt um Aarm wéi gedoen an huet nach de Recht vun der 1. Hallschent ënner Péng weidergespillt. Spéider sollt sech erausstellen, dass hie sech den Aarm gebrach hat.

Beim Stand vu 4:0 fir Liverpool huet den Noa Lang an der 77. Minutt probéiert nach e Ball ze kréie fir ze flanken, wat him awer net gelongen ass... en ass doropshi säitlech laanscht de Gol ausgelaf an huet sech do du mat den Hänn un de Barrièren ofgestäipt, fir ofzebremsen. Eng Zeen, déi ee sou x Mol wärend engem Match gesäit.
An dësem Fall war awer séier kloer, dass eppes geschitt war, well direkt duerno loung de Lang um Buedem an huet vu Péng gejaut a sech dobäi d’Hand ugehalen. Op de Live-Biller war net kloer z’erkenne wat geschitt ass, ma et sinn op alle Fall direkt Betreier op de Terrain gelaf, fir nom Lang ze kucken.

Et war Blutt ze gesinn an e gouf wärend e puer Minutten nach op der Plaz behandelt, éier en op engem Brëtsch vum Terrain gedroe gouf. Encouragéierenden Applaus krut hien deem Ament vun all den Zuschauer am Stadion.

Et war laang spekuléiert ginn, wat genee geschitt war. Hei goung rieds vun engem Deel vum Fanger, deen ofgetrennt gi wier, bis hin zum ganze Fanger.
An der offizieller Kommunikatioun vu Galatasaray huet et nom Match geheescht, et wier eng “schwéier Schnëttwonn um rietsen Daum”. E soll nach um Mëttwoch den Owend operéiert gi sinn, esou d’Informatioun vu verschiddene Medien.