8. Spilldag an der UEFA Champions LeaguePSG géint Newcastle, Benfica steet géint Real Madrid ënner Drock

Sam Rickal
E Mëttwoch steet de leschte Spilldag an der Ligaphas um Programm. Spéitstens da wësse mir, wien et direkt an d'Aachtelsfinall packt a wien de Wee duerch de Play-Off goe muss.
PSG géint Newcastle, Benfica steet géint Real Madrid ënner Drock
Virschau op den 8. Spilldag an der UEFA Champions League

E Mëttwoch kënnt Dir Paris Saint Germain géint Newcastle United um RTL Zwee, um RTL Play an op RTL.lu live suivéieren. An der Tabell steet de PSG op Plaz 6, Newcastle direkt hannen drun op 7. Allebéid hunn 13 Punkten um Kont, genau sou wéi déi 6 Ekippen hannert hinnen. Et ass also quasi een “Do-Or-Die-Match” fir déi zwou Formatiounen. Verléieren ass absolut verbueden, fir sech direkt fir d’Aachtelsfinall ze qualifizéieren. Fir den FLF-President an RTL-Expert Paul Philipp steet virun allem Paräis als aktuellen Champions-League-Gewënner e bësse méi ënner Drock.

“Vun deene leschte 4 Matcher hu si der 4 verluer. Si hunn och eng Partie Blesséierter. Wat fir de PSG ausschlaggebend ass, dat ass, ob si et nach eng Kéier mental a physesch fäerdeg bréngen, wat de Luis Enrique vun hinne verlaangt. Virun allem deen héije Géigepressing, dat verlaangt eng enorm Disziplin. Net vu 6 oder 8 Spiller, mee vun all den 11.”

Zwou weider Ekippen, déi Punkte brauchen, sinn Dortmund an Inter Mailand. De BVB hat géint Tottenham d’lescht Woch u sech 3 Punkten ageplangt. Zwar sinn déi Dortmunder an och Inter sécher an de Play-Offen mat dobäi, ma allebéid kënne sech mat hiren 11 respektiv 12 Punkten nach minimal Hoffnungen op den direkte Wee an d’Aachtelsfinall maachen. No den Defaitë géint Atlético Madrid, Liverpool an Arsenal huet een d’Gefill, wéi wann Inter par rapport zu deene Jore virdrun en Tick manner staark wier.

“Si sinn natierlech extrem erfueren, mee effektiv huet een dëst Joer d’Impressioun, datt wann déi ganz grouss Affiche kommen, datt si sech schwéier doen. Op der aner Säit huet een eng Ekipp vun Dortmund, wou een d’Impressioun huet, datt den Niko Kovac sécherlech e Plang huet. Hien hëlt och deelweis de Maximum aus der Ekipp raus, souwuel an der Champions Legue wéi och am Championnat. Brillant ass et bei Wäitem net. Si hu géint eng “B-Ekipp” vun den Tottenham verluer.”

Méi schlecht gesäit et dogéint beim Leandro Barreiro aus. De 26 Joer ale Lëtzebuerger muss mat Benfica Lissabon doheem géint Real Madrid wannen, fir nach de Sprong an d’Play-Offen ze packen. Si brauchen awer och d’Mathëllef vun den aneren Ekippen.

Op allefalls kënnt Dir muer Paris Saint Germain géint Newcastle United vun 20.45 Auer u bei eis um RTL Zwee, um RTL Play an op RTL.lu live kucken.

Back to Top
CIM LOGO