
Nom leschte Spilldag vun der Champions-League-Virronn e Mëttwoch sinn en Donneschden den Owend och déi lescht Matcher an der Ligaphas vun der Europa League gespillt ginn.
Och hei qualifizéiere sech déi éischt 8 Ekippe vu 36 direkt fir d’Aachtelsfinallen, wärend d’Plazen 9 bis 24 aus der Tabell fir d’éischt nach an d’Playoffs mussen. Déi lescht 12 Veräiner sinn dogéint direkt eliminéiert.
Just Aston Villa a Lyon hate sech den Ticket fir d'1/8-Finalle scho virum leschte Spilldag geséchert. Nom Donneschde steet fest, dass och Midtjylland, Betis Sevilla, Porto, Braga, Freiburg an d’AS Roum direkt an den Aachtelsfinalle stinn. D’Réimer louchen an Ënnerzuel bei Panathinaikos laang 0:1 hannen, eng 10 Minutte viru Schluss huet den Ziolkowski seng Ekipp awer mam 1:1 an d’Aachtelsfinalle geschoss. Déi éischt zwou Plaze ginn u Lyon an Aston Villa, déi domat déi ganz K.O.-Phas iwwer Heemrecht am Retourmatch wäerten hunn.
Fir Stuttgart ass eng spéit 3:2-Victoire géint d’Young Boys Bern dogéint net duergaangen, fir et nach ënnert déi éischt 8 ze packen. Um Enn steet een op Plaz 11, woumat de VfB an de Playoffs op Celtic Glasgow oder Ludogorets Razgrad trëfft. Bern ass no dëser Defaite wéinst der Goldifferenz als 25. direkt eliminéiert.
An d’Playoffs mussen donieft ënner anerem Lille, Nottingham Forest a Fenerbahçe. Och Genk a Bologna hunn déi direkt Qualifikatioun trotz Victoirë knapp verpasst.
Ganz eliminéiert sinn ënner anerem Feyenoord Rotterdam, Salzburg a Basel. D’Glasgow Rangers an Nice hate scho virum Spilldag keng Chance méi, fir nach ënnert déi éischt 24 ze kommen.
D’Auslousung vun de Playoff-Dueller an der Europa League ass e Freideg vun 13 Auer un zu Nyon an der Schwäiz.
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.