Handball-ChampionnatDiddeleng an Déifferdeng deelen eng drëtt Kéier d'Punkten

Yannick Glod
Bierchem verléiert zu Esch an ass definitiv aus der Course ëm d'Meeschterkroun. An den Dammen-Halleffinallen hu Käerjeng an Déifferdeng eng Victoire um Kont.
© VAL WAGNER

Hären

Am Spëtzematch tëscht dem HB Diddeleng an der Red Boys Déifferdeng gouf et e weidert Gläichspill (30:30); dat drëtt an dëser Saison. Just an der Véierelsfinall vun der Coupe hat sech den HBD duerchgesat. Domat behält Déifferdeng dräi Punkten Avance op säi Verfollger an Diddeleng muss ab elo all Match gewannen. Den Déifferdenger Elledy Semedo hat sech am Match géint Bierchem schwéier blesséiert a fält e puer Méint aus.

Et war eng Stëmmung an e Spillverlaf, deen engem Spëtzematch gerecht gouf. Op en Neits hu sech béid Ekippen näischt geschenkt an de Match war bis zur leschter Aktioun spannend. Diddeleng huet meeschtens virgeluecht an Déifferdeng hat ëmmer eng Äntwert. Nodeems et an der Paus 16:15 aus HBD-Siicht stoung, hat d’Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic zweemol d’Méiglechkeet, de Sak fréizäiteg zouzemaachen. Eng Kéier waren d’Fiiss 3 Goler vir, déi zweet Kéier souguer 4 Goler. Béid Kéieren konnten d’Red Boys nees gläichzéien.

Déi lescht Spillminutt huet d’Spannung vum Match gutt resuméiert. Diddeleng verschéisst 10 Sekonne viru Schluss, fänkt d’Déifferdenger Konter of a bréngt de Ball am Gol ënner - just Déifferdeng hat virdrun en Timeout ugefrot a krut dësen och zougesprach, well Diddeleng de Ball net ënner Kontroll hat. Ofschléissend hätt d’Red Boys mat engem direkte Fräiworf bal nach mam leschte Worf fir d’Entscheedung gesuergt. D’Gläichspill geet op alle Fall an d’Rei.

Den HC Bierchem ass no der Defaite beim HB Esch definitiv aus der Titelcourse eraus. Den eeleffache Champion huet a leschter Sekonn mat 26:27 verluer. Esch louch dee gréissten Deel vum Match vir an hat de Bierchemer Raphael Guden laang Zäit gutt am Grëff, well een hien op Manndeckung geholl hat. Géint Enn vum Match koum de Spillmaacher awer besser an de Match, sou dass seng Ekipp an de leschte Spillminutte gläichzéie konnt. Den Escher Bob Kirsch war op en Neits den decisiven Acteur an huet den entscheedende Gol dräi Sekonne viru Schluss markéiert.

No der kuerzfristeger Trennung vum Trainer Ben Schuster hunn den Dan Mauruschatt an de Spiller Amer Karamehmedovic d’Trainerfunktioun beim HB Käerjeng interimsméisseg iwwerholl. Déi genee Grënn fir d’Entloossung vum Schuster si weider onkloer.

De Match géint den HC Standard gouf op alle Fall mat 34:33 gewonnen. Käerjeng hat laang de Lead, éier d’Stater virun der Paus d’Féierung iwwerholl hunn. Ab der 40. Minutt ass d’Féierung ëmmer hin an hier gaangen. Käerjeng hat an de leschte Minutten dat néidegt Spillgléck an dierf sech iwwer eng staark Leeschtung an déi drëtt Victoire am Playoff freeën. De Standard huet bis elo all seng Matcher verluer.

Am Spëtzematch an der Relegatioun huet sech Rëmeleng mat 33:29 zimmlech däitlech géint Dikrech. Domat krut den Trainer Yves Braconnier passend fir säi Gebuertsdag e Freideg eng Victoire vu senger Ekipp geschenkt. Rëmeleng steet elo eleng un der Tabellespëtzt a kann esou gutt wéi fir eng weider Saison an der AXA League plangen.

De Käldaller huet dobäi virun allem an d’Kaarte gespillt, dass Péiteng mat 26:34 däitlech zu Leideleng verluer huet. Opgrond vu ville blesséierte Spiller an engem reduzéierte Kader goung den HBP als Verléierer vum Terrain gaangen a misst elo all seng Matcher gewannen, fir nach ëm den Opstig matzespillen.

Am drëtte Match um Samschdeg hu sech Miersch a Schëffleng 26:26 getrennt.

International

An der drëtter däitscher Liga verzichten eng ganz Rëtsch Ekippen op d’Demande fir eng Lizenz an der zweeter Liga an der nächster Saison, dorënner och den SV Kornwestheim, de Veräi vum Nationalspiller Luke Kaysen. Trotz der aktueller Tabelleféierung an der gudder Aussiicht op den Opstig hunn d’Lurchis (Spëtznumm) aus organisatoreschen a finanzielle Grënn ofgewonk. De Veräin hätt net mat esou enger gudder Leeschtung vun der Ekipp gerechent, wéi een an der däitscher Press liese konnt.

Op de Verzicht ugeschwat, huet de Luke Kaysen sech natierlech enttäuscht gewisen, kann d’Beweeggrënn vum Veräin awer novollzéien. Dat géif och näischt u senge Pläng änneren (hien huet nach ee Joer Vertrag), wéi hien RTL sot. Domat kënnt et nächst Saison definitiv zu kengem Familljenduell tëscht de Kaysen-Bridder. De Loïc Kaysen wiesselt bekanntlech bei den TV Großwallstadt.

E Mëttwoch konnt een op de Kaneel vun der FLH liesen, dass de Jugendspiller Fanou Ulmerich déi nächst Saison bei den däitschen Zweetligist Balingen-Weilstetten wiesselt. Den U20-Nationalspiller a Kreesleefer steet am Moment nach zu Gummersbach ënner Vertrag, wäert awer ab dem Summer an der zweeter Ekipp vun de Gallier an der drëtter Liga oplafen. Den Ulmerich huet seng éischt Schrëtt an der Handballwelt beim HB Käerjeng gemaach, bis hien an d’Handballakademie vum VfL Gummersbach gewiesselt war.


Dammen

E Samschdeg stoungen déi éischt Halleffinallen um Programm. Hei konnt sech den HB Käerjeng an engem ëmkämpfte Match mat 25:20 behaapten an huet domat den éischte Schratt Richtung Finall gemaach. D’Gäscht vun der Musel konnte wuel de ganze Match ni d’Féierung iwwerhuelen, hunn den amtéierende Champion awer och ni wierklech ewechzéie gelooss. Käerjeng konnt sech eréischt an de leschten 10 Minutten entscheedend ofsetzen. Déi Gréng konnten op jeeweils 6 Goler vun der Lena Kirtz an der Daria Milek vertrauen, déi 9 Goler vun der Raïssa Dapina sinn dem Museldall net fir e bessert Resultat duergaangen. Mat der Noemie Hoffmann konnt bei de Miselerinnen eng wichteg Spillerin net matwierken.

D’Sharon Dickes an Diddeleng haten am éischte Match keng Chance géint Déifferdeng.
© VAL WAGNER

Am zweete Match huet d’Red Boys Déifferdeng dem HB Diddeleng eng Léierstonn ginn an den éischte Match mat 36:18 méi wéi däitlech gewonnen. Et war déi éischt Victoire an dëser Saison fir d’Déifferdengerinne géint den HBD. Just déi 5 éischt Minutte ware serréiert (2:4), duerno huet Déifferdeng en 8:1-Laf gestart a konnt seng Avance bis an d’Paus op 17:5 ausbauen. Diddeleng hat näischt entgéintzesetzen a musst seng Néierlag scho fréi unerkennen. Och am zweeten Duerchgang hunn d’Gäscht net labber gelooss an Diddeleng phaseweis a Grond a Buedem gespillt. D’Sarah Kupke konnt 10 Mol markéieren. Den Ausfall vun der jonker Laura Mputu Lozano, déi um Meniskus operéiert gouf, dierf keng Ausried fir dës Leeschtung vum HBD sinn.

Diddeleng an de Museldall hunn elo zwou Wochen Zäit, fir sech op d’Retourmatcher ze preparéieren, déi den 11. Abrëll gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO