Fiels bleift an der 2. Divisioun1 Gol a 5 rout Kaarten am Barragematch Fiels-Zowaasch

RTL Lëtzebuerg
An engem verréckte Barragematch tëscht der Fiels an Zowaasch mat 5 roude Kaarten, wënnt d'Fiels mat 1:0 a bleift an der 2. Divisioun.
© Raoul Michels

Um Donneschdeg stoung den 2. läschte Barragematch vun dëser Saison um Programm an domadder den 1. vun den 2 Matcher tëscht der 2. an der 3. Divisioun an dat mam Match tëscht der Fiels (D2) a Lasauvage (D3).

Et war e verréckte Match wou déi 622 Spectateuren am ganzen 5 rout Kaarten ze gesi kruten. 3 op der Säit vun der Fiels an 2 fir Lasauvage. D’Fiels war allerdéngs déi Ekipp déi ëmmer an Ënnerzuel gespillt huet an trotz allem awer den 1:0 Avantage verdeedege konnt. Och zu deem Ament wéi se an duebeler Ënnerzuel hu misse spillen. Nodeems den Arbitter Krueger no 6 Minutte Nospillzäit ofgepaff huet, hat d’Fiels de Maintien duerch eng 1:0 Victoire an der 2. Divisioun gepackt a Lasavauge muss sech och nächst Joer mat der 3. Divisioun zefridde ginn.

Resumé vum Match:

Fiels kënnt bësser an de Match a geet a Féierung

D‘Ekipp, déi d‘Plaz an der 2. Divisoun wollt verdeedegen - d’Fiels- huet an der Ufanksphas d‘Spill dominéiert an hat direkt an den éischte Minutten d‘Chance op d'1:0-Féierung. De Pereira de Carvalho huet zweemol wonnerbar Schëss a Richtung Gol ofginn, dobäi huet bei der 1. Tentative d‘Lat gerett - bei der 2. konnt den Da Silva am Gol Schlëmmeres verhënneren.

No 14 Minutten huet et du gerabbelt, an déi Kéier ass ee Schoss aus der Distanz am Filet gelant. De Moreira hat mat lénks säi Gléck probéiert, de Kipper war nach drun, ma konnt de Ball awer net méi deviéieren. 1:0 fir d’Fiels.

Rout Kaart fir d’Fiels

Ronn 5 Minutte méi spéit huet de Fielser Rocha dunn déi rout Kaart gesinn. D‘Nummer 9 vum AS Rupensia hat sengem Géigespiller eng an d‘Akaul ginn a gouf doropshi vum Arbitter Krueger fréizäiteg ënnert d‘Dusch geschéckt.

D‘Gemidder waren no der rouder Kaart fir d‘Fiels liicht erhëtzt - den Zweetdivisionist blouf awer déi méi aktiv Ekipp, d‘Minière Lasauvage huet lues versicht, an d‘Partie ze fannen. 1:0 fir d‘Fiels, eng rout an eng sëlleche giel Kaarten no enger hallwer Stonn Spillzäit.

5 Minutte virum Téi hat d‘Minière déi éischt nennenswäert Golchance. Eng laang Flank vu riets hat de Simoes um 2. Potto fonnt, deen huet net laang gezéckt a mat lénks ofgeschloss. Dat ronnt Lieder ass nëmme knapps iwwert d‘Këscht vum Fonseca am Fielser Gol geflunn.

Mat engem duerchaus verdéngten 1:0 fir d‘Fiels goung et an d‘Paus.

2. rout Kaart fir d’Fiels kuerz no der Paus

D‘Zowaasch hat déi éischt Golméiglechkeet am 2. Duerchgang, dat an der 48. duerch de Pinto Guedes - de Fonseca konnt dee Ball awer festhalen.

Kuerz nom Téi ass den nächste Fielser vum Terrain geflunn. Déi Kéier huet et de Pereira Baptista erwëscht - eng onspektakulär Aktioun huet zu der 2. rouder Kaart fir den AS Rupensia gefouert.

Op der Stonn huet d‘Fiels, an Ënnerzuel zu 9 Mann, nach ëmmer mat 1:0 gefouert.

Lasauvage mat engem Liewenszeechen

Ee weidert Liewenszeeche vu Lasauvage koum an der 62. Minutt. Hei hat den Oliveira vu wäit ofgezunn an de Ball nëmme just driwwer gesat.

Keng Minutt méi spéit ass den nämmlechten Oliveira du vum Terrain geflunn: d‘éischt krut de Spiller vun Zowaasch giel wéinst engem Foulspill, direkt duerno krut hie nach eng, well en de Ball ewech geboxt huet. No ronn 65 Minutte hunn deemno 9 géint 10 Mann gespillt - den Arbitter Krueger hat d‘Hänn voll Aarbecht.

Duerno gouf och mol nees Futtball gespillt. Den agewiesselten Antinori gouf flott lancéiert, ma am Eent-géint-Eent géint de Kipper huet de Stiermer vu Lasauvage d‘Nerven net behalen - weider 1:0 no ronn 70 Minutten.

Et sollte nach weider rout Kaarte falen

Eng Véierelstonn viru Schluss war de Maintien vun der Fiels an der 2. Divisoun ganz no - mat flottem Futtball goufen déi ronn 625 Spectateuren net verwinnt.

Am Géigendeel: Si hunn zwou weider rout Kaarte gesinn. Op der Säit vun Zowaasch ass de Fabio Pinto Guedes vum Terrain geflunn; op der Fielser Säit konnt de Pereira Augusto de Wee an d‘Kabinn untrieden. Béid Spiller hate well giel gesinn a krute wéinst enger Onsportlechkeet vum Arbitter Krueger eng weider Kéier giel gewisen.

5 Minutte viru Schluss ware 5 Spiller mat rout vum Terrain geschéckt ginn. Eng richteg Aggressivitéit war awer net am Match.

Fiels bleift an der 2. Divisioun

Zwou Minutte viru Schluss huet Lasauvage du mol nees ee Schoss aus der Distanz probéiert - dem Batista seng Tentative ass awer dolaanscht gaangen.

No der regulärer Spillzäit huet den Arbitter-Trio sechs Minutten nospille gelooss. De Batista konnt zwar nach eng Kéier per Fräistouss geféierlech ginn, d’Fiels huet d‘1:0-Féierung awer iwwert d‘Zäit bruecht an domat de Maintien an der 2. Divisioun gepackt. Zowaasch bleift deemno an der 3.

Back to Top
CIM LOGO