
D’Flam gëtt an enger traditioneller Zeremonie zu Athen ugefaangen a kënnt da per Schëff den 8. Mee zu Marseille un. Vun der Hafestad aus geet d’Flam da queesch duerch Frankräich a kënnt fir d’Ouverture de 26. Juli zu Paräis un.
Wou d’Flam schlussendlech wäert stoe kommen, ass nach net kloer. Et gouf Rumeuren, datt si op den Eiffeltuerm sollt kommen.
Et wäerte 7.000 Eenzelleefer an 3.000 Kollektiver d’Flam duerch Frankräich droen. Dobäi ass et den Organisateuren no zimmlech ausgeglach, wat Fraen a Männer betrëfft. Et muss een op d’mannst 15 Joer al sinn, fir d’Flam dierfen ze droen. Verschidden Departementer hu refuséiert, fir un dësem Laf deelzehuelen, well si dëst 180.000 Euro kascht hätt.
Fir Paralympics, déi ronn zwee Méint no den olympesche Spiller sinn, gëtt d’Flam vu ronn 1.000 Leefer gedroen dat op engem däitlech méi kuerze Parcours.
De Rekord vu Leefer, déi d’Flam droen, gouf 2008 a China opgestallt. Hei waren eng 20.000 Sportler am Asaz, fir dat olympescht Feier op Peking ze bréngen. D’Feier huet op senger 130 Deeg laanger Rees vun Athen an déi chineesesch Haaptstad ronn 139.000 Kilometer zeréckgeluecht.