Fir Think Pink Lëtzebuerg5.800 Euro beim "Female Social Ride" gesammelt

Jacques Joseph
E Sonndeg war op der Musel fir déi 3. Kéier de "Female Social Ride", en inklusive Vëlostour fir Fraen. D’Zuel vun de Participanten ass limitéiert a si kënnen tëschent zwou Strécke wielen.
75 Dammen dierfen um Female Social Ride deel huelen
Fir de gudden Zweck goufen zudem 5.800 € gesammelt.

De Marc Godart organiséiert dëse Female Social Ride zesumme mat senger Fra Suzie. Beim Suzie ass de Vëlosport nieft der Famill ganz wichteg. 19 Lëtzebuerger Championstitele stinn a sengem Palmarès an dëse Charity Ride ass him ganz wichteg.

Maximal 75 vëlosbegeeschtert Damme konnten sech am Virfeld umellen. Alleguerten hunn é Startgeld bezuelt a krute virum Depart en Trikot, deen de Marc Godart entworf huet. Den Iwwerschoss vun dësem Female Social Ride gouf, sou wéi bei deenen zwou éischten Editiounen och, fir é gudden Zweck gespent. Um 9, respektiv hallwer 10 goufen d’Dammen zu Réimech op déi zwou Strecke geschéckt a waren all begeeschtert derbäi dierfen ze sinn.

Eng Grupp ass eng 50 km flaach Streck gefuer, déi aner eng méi méi schwéier iwwer 75 Kilometer mat 715 Héichtemeter. Dës Streck goung vu Réimech iwwer Greiweldeng, Dräibuer, Nidderdonwen, bis op Gréiwemaacher, wou d’Gemeng, déi e Partner vun dësem Social Ride ass, de Ravitaillement offréiert huet. Alleguerte waren zefridde mam Parcours an der Organisatioun.

Vun Gréiwemaacher ass déi Grupp mam méi liichte Parcours nees zeréck op Réimech gefuer, iwwerdeems déi aner iwwer déi däitsch Säit erof bis op Perl pedalléiert ass, dunn op Lëtzebuerger Säit vu Wellesteen erop op d’Kopp zeréck op Réimech. Net Manner wéi 5.800 Euro goufe fir Think Pink Lëtzebuerg gespent, Associatioun déi Fraen déi Kriibs hu finanziell ënnerstëtzt, Opklärungscampagnë finanzéiert a Suen an d’Recherche géint de Kriibs gëtt

Back to Top
CIM LOGO