Australian Open50 Tennisprofie fir 2 Wochen am Hotel a Quarantän

RTL Lëtzebuerg
Am Moment kënne si sech also just an hirem Hotelszëmmer fit halen.
© William WEST / AFP

Fir knapp 50 Tennisprofien, déi fir d’Australian Open op Melbourne gereest sinn, heescht et elo zwou Woche Quarantän an hirem Hotel. Dat well zwou Persounen op zwee Charterflich mat de Sportler an hirem Staff a Richtung Australien positiv op de Coronavirus getest goufen.

Normalerweis trainéieren d’Sportler am Virfeld vum Turnéier op d’mannst fënnef Stonnen ausserhalb vum Hotel. Elo kënnen si sech just an hirem Hotelszëmmer fit halen.

Back to Top
CIM LOGO