
Fir déi nei Saison goufen et e puer Reegelännerungen am Futtball. Den International Football Association Board, kuerz IFAB, huet decidéiert, datt et e puer Changementer musse ginn.
Net manner wéi 7 Ännerunge goufen et an dëser Summerpaus. An deene leschte Joren huet den Händs fir zimlech vill Opreegung gesuergt, well et keng eenheetlech Linn gouf. Domadder soll mat der neier Reegel awer Schluss sinn. De Vize-President vun der FLF a President vun der Arbitterkommissioun Charles Schaak erkläert, wat sech geännert huet.
Do ginn et allerdéngs 2 Aspekter, déi éischt an der Attack. Soubal de Ball bei enger Golchance wittert d’Hand spréngt, gëtt d’Aktioun d’office vum Arbitter ofgepaff.
Net nëmmen huet sech am Offensiven eppes gedoen, och am Defensive ginn et Changementer, well soubal d’Fläch vum Kierper onnatierlech vergréissert gëtt, muss den Arbitter dës Aktioun bestrofen.
Fir de Charles Schaack sinn d’Reegelännerungen e Schrëtt an déi richteg Richtung. Doduerch gëtt de Fussball méi fair a méi séier an dat wëllen d’Spectateuren och gesinn.
Genau Detailer, wat sech alles geännert huet, gitt der de Méinden um 6.15 Auer um Radio gewuer.