Spiller an TrainerWéi eng Wiessele kéint et bei de "Becca-Veräiner" intern ginn?

RTL Lëtzebuerg
F91 Diddeleng, Swift Hesper, 1. FC Kaiserslautern, oder R.E. Virton: Wiessel vu verschiddene Spiller an Trainer sinn hei "intern" méiglech.
Ënner anerem ginn et vill Spekulatiounen iwwert d'Zukunft vum aktuellen Diddeleng-Trainer Dino Toppmöller.
Ënner anerem ginn et vill Spekulatiounen iwwert d’Zukunft vum aktuellen Diddeleng-Trainer Dino Toppmöller.
© pressphoto.rtl.lu (archiv)

An der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball geet et an d’Schlussphase. Zwee Spilldeeg bleiwen nach, dann sinn alleguerten d’Decisioune gefall an Diddeleng dierft eng 15. Kéier Champion ginn. Et ass jo kee Secret, datt de Sportmäzen Flavio Becca sech beim F91 lues a lues zeréckzitt, sech méi zu Hesper engagéiert an och zu Virton de Futtballclub ënnerstëtzt. Elo kënnt jo am Prinzip dann och nach den 1. FC Kaiserslautern aus der drëtter däitscher Bundesliga dobäi. An de leschte Wochen héiert ee vill, wou, wéi eng Trainer a Spiller d’nächst Saison eventuell kéinte sinn.

“Becca-Veräiner": Wien, wat, wou? / Reportage Franky Hippert

Virun allem geet et do natierlech ëm déi uewenzitéiert Veräiner. D’Fro, déi een ëmmer nees héiert, ass, wou soll den Dino Toppmöller vum F91 Diddeleng d’nächst Saison op der Trainerbänk setzen. Zanter der leschter Woch ass jo gewosst, datt den Däitschen ugeholl gouf, fir beim DFB den UEFA-Pro-Schäin, deen héchsten Diplom am Futtball, ze maachen. Et ass ze héieren, datt et ausgeschloss ass, datt den Toppmöller d’nächst Saison schonn bei den 1.FCK géif goen. Wat ëmmer nees an de Couloire vun der klenger Lëtzebuerger Futtballwelt gezielt gëtt, ass, datt de Championstrainer entweder nach eng Saison beim F91 géif bleiwen, oder awer eriwwer op Virton géif geholl ginn. Et schéngt ausgeschloss ze sinn, datt den Fils vum Klaus Toppmöller op Hesper géif goen. Wann den Dino Toppmöller op Virton géif wiesselen, ass elo ze héieren, datt dann den Henri Bossi, deen elo nach Trainer zu Hueschtert ass an et am Prinzip ugeduecht war, datt hien eng Roll zu Hesper soll kréien, och de Poste vum 38 Joer alen Däitschen zu Diddeleng kéint iwwerhuelen.

Wat d’Spiller ugeet, zirkuléiert ëmmer nees, datt den Danel Sinani an den Dave Turpel och d’nächst Saison an d’Belsch op Virton géife matgeholl ginn. Aner Rumeuren haten ee Moment awer och wëlle wëssen, datt déi zwee Lëtzebuerger Nationalspiller op de Betzenberg kéinten transferéiert ginn. Déi éischt Optioun schéngt am Moment awer déi probabelst. Eng Spekulatioun, déi och ëmmer nees opkënnt, ass, datt de Goalkeep Jonathan Joubert an de Verdeedeger Tom Schnell vun Diddeleng op Hesper géife geholl ginn. Dat awer just am Fall, wou de Swift géif aus der Éierepromotioun opsteigen. Dat ass awer mat der aktuell 3. Plaz nach ongewëss, well ee mat där Positioun nach de Barragematch misst géint den drëttleschten aus der BGL-Ligue wannen. An esouguer déi drëtte Plaz ass nach net sécher. Ee Spiller aus dem Lëtzebuerger Championnat, deen och op Virton soll transferéiert ginn, ass de staarke Stiermer Marwane Benamra vun der U.S. Munneref.

Et ginn awer zu dësem Abléck also nach vill Inconnuen, well Hesper jo nach net sécher ass, d’nächst Saison an der ieweschter Divisioun ze spillen, an d’Engagement vum Flavio Becca beim 1. FC Kaiserslautern nach net fix ass.

Back to Top
CIM LOGO