De kompletten Iwwerbléck mat all den Nimm an de Veräiner.

Och wa Summerpaus ass, kënnt déi nei Futtball-Saison esou lues nees un d'Rullen. Interessant ass ze gesinn, datt net manner wéi 19 Lëtzebuerger A-Nationalspiller bei auslännesche Veräiner ënner Kontrakt stinn. Dat geet vum Laurent Jans an dem Leandro Barreiro bei Paderborn respektiv Mainz an der éischter Däitscher Bundesliga, bis bei den Olivier Thill bei Ufa a Russland.

Wat déi jonk Lëtzebuerger Futtballspiller uginn, déi zum groussen Deel aus der Futtballschoul vun der FLF zu Monnerech kommen, sinn der 29 am Ausland. Dee Jéngsten ass den Diego Monteiro mat 13 Joer beim FC Metz, bis bei den Miruza Mustafic mat sengen 21 Joer bei Elversberg.

AUDIO: De Paul Philipp um Mikro vum Franky Hippert

19 A-Nationalspiller:

Leandro Barreiro: Mainz 05 (D)
Vincent Thill: US Orléans (F)
Dirk Carlson: Karlsruher SC (D)
Florian Bohnert: Mainz 05 (D)
Enes Mahmutovic: MVV Maastricht (NL)
Christopher Martins: Young Boys Bern (CH)
Vahid Selimovic: Apollon Limmassol (CYP)
Olivier Thill: FC UFA (RUS)
Gerson Rodrigues: Jubilo Iwata (JPN)
Marvin Martins: Karapaty Lviv (UKR)
Chris Philipps: Legia Warschau (POL)
David Turpel: Excelsior Virton (B)
Laurent Jans: SC Paderborn (D)
Maurice Deville: SV Waldhof Mannheim (D)
Kevin Malget: Excelsior Virton (B)
Lars Gerson: IFK Norrköpping (SWE)
Anthony Moris: Excelsior Virton (B)
Maxime Chanot: New York City FC (USA)
Aurélien Joachim: Aktuell net kloer

29 Jugendspiller:

Diego Monteiro: FC Metz (F)
Fabio Lohei: FC Metz (F)
Rayan Berberi: Standard Léck (B)
Yvandro Borges: Aktuell net kloer
David Jonathans: Bayern München (D)
Eldin Cikotic: FC Kaiserslautern (D)
Hugo do Rego: FC Metz (F)
Eldin Dzogovic: FC Magdeburg (D)
Ruben Goncalves: FC Nürnberg (D)
Joris Mangle: CD Chaves (P)
Timothé Rubil: Mainz 05 (D)
Tyler Taber: FC Nürnberg (D)
Alessio Curci: Mainz 05 (D)
Sergio Englaro: Gil Vincente (P)
Clayton Duarte: Aktuell net kloer
Remy Jonathans: Mainz 05 (D)
Ryan Johannson: Bayern München (D)
Seid Korac: FC Nürnberg (D)
Gianni Medina: Aktuell net kloer
Mathias Olesen: FC Köln (D)
Yannick Carvalho: GD Chaves (P)
Dylan Nsidjine: FC Kaiserslautern (D)
Yannick Schaus: Excelsior Virton (B)
Jan Ostrowski: Miedz Legnica (P)
Lucas Prudhomme: Excelsior Virton (B)
Loris Tinelli: Aktuell net kloer
Mirza Mustafic: SV Elversberg (D)
Dany Mota: Aktuell net kloer
Eric Veiga: Aktuell net kloer

D'Kommentarfunktioun ass hei erausgeholl ginn, well den Tounfall an d'Rhetorik an den Diskussiounen net méi eiser Netiquette entspriechen. Merci fir d'Versteestemech.