D'Mandy Minella sollt dës Woch beim WTA-Tennis-Tournoi zu Lausanne an der Schwäiz spillen.

Déi 33 Joer al Lëtzebuergerin huet sech awer wéinst enger Blessur um rietse Been aus dem Haapttableau missen zeréckzéien. Si sollt eigentlech e Méindeg géint d'Russin Anastasia Potapova untrieden.