De 7. September 2019 trëfft de Champion vu Beetebuerg op de Coupegewënner vum Racing.

Et ass déi éischte Kéier, datt am Lëtzebuerger Futtball eng Supercoupe bei den Dammen organiséiert gëtt. De 7. September um 18 Auer treffen d'Damme vum SC Beetebuerg op d'Ekipp vum Racing Union Lëtzebuerg.

De Match gëtt am Stade François Trausch zu Mamer gespillt.