Fir d'Finall vun der Europameeschterschaft (Divisioun C) sinn d'rout Léiwe géint Andorra, de Vainqueur vum leschte Joer, ugetrueden.


Andorra huet wéi erwaart ganz aggressiv verdeedegt, an huet ëmmer erëm de schnellen Ofschloss gesicht a probéiert hiren Titel ze halen.

Mat der Schluss-Sireen stoung et awer 78:50, an d'rout Léiwe konnten hirer Freed fräie Laf loossen. Si hu mat dëser Victoire den Opstig perfekt gemaach.
Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

HANSEN Pit 7, JONSSON Lenny DNP (injury), LOGELIN Max 13 (2), MUSY Maxence 6, STREEF Sam 9, BAUSTERT Pierre 3, TOUSSAINT Nicolas 6, THILL Damien 7 (1) , JACOBS Alain, DIEDERICH Jonathan 17, KURESEVIC Ivor 14, LORUSSO Matteo 2.